Radioen

On air

Spektrum  |  The Drin - Elude The Torch

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ D'ITM ass zefridde mam Oflaf vun den Delegatiounswalen

Sozialwalen

D'ITM ass zefridde mam Oflaf vun den Delegatiounswalen

Fir d’Gewerbeinspektioun sinn d’Delegatiounswalen an den Entreprisen “eigentlech perfekt ofgelaf”, esou den ITM-Direkter Marco Boly am 100,7-Interview. 85 Prozent vun den Entreprisen hätte gewielt. D’ITM hätt 3.426 Entreprisë gezielt, déi eng elektronesch Demarche entaméiert hätten. Ëm déi 200 Betriber bräichten nach Hëllef vun der Gewerbeinspektioun. 

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Marco Boly | © Serge Kesseler play_arrow
De Marco Boly ass Direkter vun der ITM. (Foto: Serge Kesseler)

Et hätt ee knapp 500 Entreprisen “um Radar”, an deenen eventuell keng Personaldelegatioune gewielt goufen. Dës Betriber géifen dowéinst kontrolléiert ginn, huet den ITM-Direkter am 100,7-Interview ugekënnegt.

"A sollt sech do eraus stellen, datt se net gewielt hunn, well si et net wëllen, da wäerte mir déi néideg Moyenen en marche setzen, fir datt se eng Wal organiséieren."

De Marco Boly confirméiert och, datt et kéint virkommen, datt eng Entreprise sech beim Deklaréiere vun de Resultater iert. De Christophe Knebeler vum LCGB hat de Moien um Radio 100,7 kritiséiert, datt ee vill Procès verbale gesinn hätt, déi falsch ausgefëllt gewiescht wieren.

Et ka virkommen, datt sech eng Societéit iert

An deem Interview huet de Christophe Knebeler vum LCGB och gesot, datt et no den Delegatiounswale Problemer mam Deklaréieren an dem Iwwermëttele vun de Resultater duerch d’Entreprisen un d’Gewerbeinspektioun géife ginn.

Dat kéint virkomme, an da géifen déi néideg Korrekture mat der Entreprise gemaach ginn, seet dozou den ITM-Direkter Marco Boly. Vun esou Fäll hätt een héieren, et wier awer nach näischt gemellt ginn. Den Delai fir Kontestatioune wier awer och nach net ofgelaf.

"An ech kann nëmme jiddwereen encouragéieren, deen der Meenung ass, dass d’Walen a sengem Betrib falsch ofgelaf sinn – dat ass eng Roll, déi mir ze spillen hunn – si solle sech w.e.g. bei eis mellen."

"Mir kënnen net op Gerüchter reagéieren"

D’Gewerbeinspektioun wier Garant dofir, datt am Fall vun esou Problemer, d’Entreprisen d’Delegatiounswalen nei misst organiséieren.

"An da wäerte mir och déi Societéit besser am Ae behalen, wann déi Walen nach eng Kéier nei organiséiert ginn. Mee wa keen de Mond opmécht, an alles am stillen Kämmerlein gehale gëtt, an déi Informatiounen an déi Reklamatioune kommen net bei eis, da kënne mir och net drop reagéieren. Mir kënnen net op Gerüchter reagéieren.

An Tëschenzäit huet d’Gewerbeinspektioun op hirem Internetsite d’Resultater aus 2.925 Entreprisë verëffentlecht. Den OGBL stellt de momentane Resultater no, 25,25 Prozent vun den effektiven Delegéierten, den LCGB der 13,63, an d’Gewerkschaft ALEBA stellt 4,25 Prozent vun den effektive Personaldelegéierten.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
Sozialwalen