Bis ewell war nach just d’Uni Lëtzebuerg mat der Sorbonne a Kontakt. No de Refuse vun der franséischer Uni hunn eng Rei Studentinnen a Studente missten op anere franséischen Unie fir dat zweet Joer Medezin ënnerkommen.
Normalerweis huet d’Sorbonne 10 Plaze fir Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten.
Gespréich gëtt am Hierscht gesicht
An der Summerpaus hätt et kee Wäert gehat de Kontakt mat der Uni Sorbonne ze sichen, seet d’Héichschoulministesch Stéphanie Obertin. Am Hierscht wéilt ee sech der Problematik awer unhuelen.
Et hätt nach keng offiziell Stellungnam vun der Uni ginn. D’Stéphanie Obertin geet awer dovunner aus, datt de Refus vu Lëtzebuerger Studentinnen a Studenten op déi limitéiert Plaze fir de Medezinstudium zeréckzeféiere wier.
"An dofir ass och d'Fro, warscheinlech vun hirer Säit, a wéi wäit ass et gerechtfäerdegt Lëtzebuerger Studenten unzehuelen an dee Moment hu si fir hir Leit vläicht manner Plazen an dat kéint eng Ursaach sinn, firwat déi Decisioun eesäiteg geholl ginn ass."
Master soll an Zukunft definitiv ugebuede ginn
Fir Lëtzebuerg wier et wichteg, déi gutt Relatioune mat de franséischen Unie bäizehalen. Fir de Medezinstudium ass Lëtzebuerg den Ament op eng Zesummenaarbecht mat auslänneschen Unien ugewisen. D’Uni Lëtzebuerg bitt nämlech nëmmen e Bachelor a kee Master an der Medezin un. Dat soll sech awer an Zukunft änneren, seet d’Stéphanie Obertin.
"Ech ka soen, datt de Master wäert kommen, awer ënner där Konditioun, datt mir eis esou gutt opstellen, datt mir och de jonke Studenten an de jonke Medezinner eng qualitativ héichwäerteg Formatioun kënnen ubidden."
Am Hierscht elo soll d’Evaluatioun vum Bachelor vun engem zoustännegen Aarbechtsgrupp presentéiert ginn. Op Basis dovunner soll dann e Master ausgeschafft ginn. Méi Detailer kéint ee sech fir Ufank nächst Joer erwaarden, esou nach d’Ministesch.