arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ ALEM: Lëtzebuerger Medezinsstudente sinn ze ofhängeg vu Studiegäng am Ausland

Medezinsstudenten

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

ALEM: Lëtzebuerger Medezinsstudente sinn ze ofhängeg vu Studiegäng am Ausland

De Refus vu Lëtzebuerger Medezinsstudenten am zweete Studiejoer op der Sorbonne, géif alt erëm weise wéi wichteg et wier säi Medezinstudium ganz zu Lëtzebuerg kënnen ze maachen. Dat sot de Felix Minette, President vun der Lëtzebuerger Associatioun fir Medezinsstudenten am 100,7-Interview.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
© Bigstock
(Foto: Bigstock)

D’Paräisser Uni Sorbonne hat annoncéiert keng nei Lëtzebuerger Medezinsstudenten a Studentinnen fir d’Rentrée 2025/2026 wëllen unzehuelen, déi virdrun op der Uni.lu en éischt Joer absolvéiert hunn. Deemno ginn déi concernéiert Lëtzebuerger Studenten a Studentinnen op eng vun den anere konventionéierten Unien a Frankräich weider geleet. D’ALEM bedauert, datt d’Medezinsstudenten den Ament ze vill ofhängeg vun de Studiegäng am Ausland wieren. 

Studium kann net universell unerkannt ginn

Den Ament bitt d’Uni.lu d'Medezinstudium just am Bachelor un. An anere Wierder muss een als Medezinsstudent oder Studentin fréier oder spéider an d’Ausland. Dat wier dem ALEM-President Felix Minette no eng Schwächt vun der Studienoffer zu Lëtzebuerg.

D'Medezinstudium zu Lëtzebuerg kéint net universell unerkannt ginn. Zum Beispill an Däitschland, wou de Studiegang net de Prinzip vun engem Bachelor a Master huet.

Konventioune fir d'Auslandssemester

Den Uni.lu Rekter Jens Kreisel hat am September zejoert am 100,7 Interview ugekënnegt, datt ee Masterstudiegang an der Medezin soll geschafe ginn.

Fir d’Medezinsstudenten a Studentinne gëllt den Ament zu Lëtzebuerg awer nach d’Obligatioun fir en Auslandssemester ze maachen. Fir dëst ze erméiglechen, wieren eng Partie Konventiounen en place gesat gi mat anere Länner, wéi beispillsweis der Belsch.

ALEM ënnersträicht Wichtegkeet vu komplettem Studium zu Lëtzebuerg

Déi Accorde géifen de Studenten d’Méiglechkeet ginn, fir spéitstens nom Bachelor hirt Studium am Ausland kënne fäerdeg ze maachen, esou den ALEM-President.

De Felix Minette bedauert awer, datt dës Dekreeter keng Garantie sinn, datt ee säi Studium op senger Wonschuni ka weiderféieren.

Fir d’ALEM ass op alle Fall kloer, datt et wichteg wier en héichqualitatiivt Masterstudium zu Lëtzebuerg unzebidden, dat och am Ausland unerkannt gëtt. Doriwwer wéilt sech d’Vereenegung fir Medezinsstudenten och an noer Zukunft mat der Ministesch fir Héichschoul Stéphanie Obertin ënnerhalen.

play_arrow Lauschteren