arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Claude Meisch: “Et gi méi wéi genuch Plazen an de Crèchen”

Educatioun

|
headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow

Claude Meisch: “Et gi méi wéi genuch Plazen an de Crèchen”

Et géife méi wéi genuch Plaze fir d’Kanner an de Crèche queesch uechter d’Land ginn – d’Plaze wieren awer net no de Besoine vun de Gemenge verdeelt. Dat äntwert den DP-Educatiounsminister op eng parlamentaresch Fro vun der LSAP.

headphones

2 min

headphones

1 min

play_arrow
© picture alliance/dpa | Sebastian Kahnert
(Foto: picture alliance/dpa | Sebastian Kahnert)

D’LSAP-Deputéiert Francine Closener hat d’Fro zu de Waardelëschte fir Crèchen a verschiddene Gemenge gestallt. D’LSAP-Co-Presidentin wollt iwwerdeems wëssen, firwat et grad am Beräich vu Crèchen esou vill Privatprestataire géif ginn, amplaz datt déi ëffentlech Hand do Bedreiwer wier.

Fir de Claude Meisch stinn do d’Gemengen an der Responsabilitéit. D’Zuel vun de private Prestataire wier an de leschte 15 Joer duerch de chèque Service immens an d’Luucht gaangen, esou de liberale Minister.

“Ech wëll awer och nach eng Kéier soen, si ass och an d'Luucht gaangen, well d'Gemengen zum groussen Deel inaktiv bliwwe sinn. Well d'Gemengen zum groussen Deel sech op Maison-relaise konzentréiert hunn, wat ech ka verstoen, et baut ee seng Schoul, et baut een niewendru seng Maison relais an et seet ee sech villäicht kënnt do e private Prestataire, dee mécht dat anert. An da brauch ech net och nach do ze investéieren.”

D’Nächst Woch wéilt hie sech mat de Gemengen un ee Dësch setze fir se mat hiren Zuelen ze konfrontéieren a fir datt ka gekuckt ginn, wou nach weider Strukturen an der non-formaler Bildung missten opgoen, esou nach de Claude Meisch - et géife momentan bal 10.000 Plaze queesch uechter d’Land entstoen. 

play_arrow Lauschteren