arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 170 Kanner waarden an der Stad nach op eng Plaz an enger Maison relais

Maison-relaisen an der Stad

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

170 Kanner waarden an der Stad nach op eng Plaz an enger Maison relais

Plazen an de Maison-relaisen an der Stad si vill gefrot. Am ganze goufe virum Summer 4.700 Demanden un d’Stater Servicer adresséiert. Dat waren der 300 méi ewéi zejoert. Momentan stinn nach ronn 170 Kanner op der Wardelëscht fir an eng Maison relais ze kommen. Virum Summer waren et der nach 600.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Schoulklass | © Bigstock
Schoulklass (Foto: Bigstock)

Uganks der Woch koum déi zoustänneg Gemengekommissioun vun der Stad Lëtzebuerg zesumme fir ee Bilan ze zéien. Et gi Perspektive fir de Gros vun de Kanner ze empfänken, huet de Paul Galles, Stater Schoul- a Jugendschäffen, op Nofro hi preziséiert. 

Et mussen Alternative fonnt ginn

Déi 4.700 Demanden, déi um Ufank agereecht goufen, konnte virum Summer ënner d'Lupp geholl ginn, fir déi erauszefilteren, wou d'Elteren eng Alternativ de Garde haten, erkläert de Paul Galles, CSV-Schäffe fir de Beräich Educatioun a Jugend.

"Dat sinn awer och ganz vill Kanner, déi eigentlech eng Alternativ de Garde hunn, also wou ee vun den Elteren doheem ass oder eng aner Persoun do wier oder och Kanner aus Privatschoulen, a wa mir déi huelen, déi no eise Krittären, déi wichtegst sinn, nämlech déi, déi keng Alternative de Garde hunn an déi, déi an eis ëffentlech Schoul ginn. Da si mir bei 3.700 Demanden, déi mir mussen traitéieren a vun deene sinn elo 172 op a mir hunn dat eebe gepackt vu 600 op op 172 erofzekommen."

Fir d’éischt ginn déi Kanner zeréckbehalen, déi keng Alternativ fannen, fir d'Kanner ze betreien. Da sinn et déi, déi scho virdrun an enger Stater Maison relais waren. Da ginn et och Fäll, déi wéinst der sozialer Situatioun doheem zeréckbehale ginn. 

Rekrutéierungsprozess ass am gaangen

Wat awer geschitt elo mat deenen 172, déi net vun enger Maison relais kënnen empfaange ginn?

"Entweeder gi si dann op e private Foyer duer oder si fannen awer an der Famill oder bei de Frënn een, dee sech ëm d'Kand ka këmmeren. A mir selwer als Stad, mir sinn amgaangen weider Leit anzestellen. Mir maachen do grad e Rekrutéierungsprozess, mat deem mir kéinten duerchaus 100 bis 130 weider Kanner ophuelen."

De Fait, datt ëmmer méi Demanden agereecht ginn, hätt domat ze dinn, datt ëmmer méi Elteren allenzwee musse ganzdaags schaffen, preziséiert de Paul Galles nach.

play_arrow Lauschteren