Fir d’LSAP huet Taina Bofferding direkt am Ufank vun der Debatt follgende Fazit gezunn:
"Eigentlech ass et och ee Skandal, datt grad dat éischt, wat dës Regierung ëmsetzt, datt dat wat se mécht eigentlech déi Schwächste vun eiser Gesellschaft viséiert."
Déi Léisung géif ze kuerz gräifen, d’Persoun mat hirer Nout bleift bestoen, de Problem géif sech just verlageren, sou nach d’LSAP Deputéiert.
D'Lydie Polfer weist sech erstaunt, de Meris Sehovic entsat
Erstaunt gewisen huet sech d’DP-Deputéiert Lydie Polfer, datt d’LSAP elo op eemol Bedenken hätt, dobäi géif een net anescht agéieren, wéi zu Dikrech oder zu Ettelbréck.
"Genau, wuertwiertlech deen nämmlechten Text. Wann dir eis wëllt ee Reproche maachen, da sot, mir hätten ofgeschriwwen."
Keen hätt de Monopol op d’Generositéit. D’Stad Lëtzebuerg hätt am Budget 2024 67 Milliounen Euro fir Soziales am Budget stoen, sou den CSV-Deputéierte Laurent Mosar: Den Inneminister Léon Gloden hätt dat gemaach, wat ze maache wier.
"Jiddwer Mënsch ka weider a ville Stroossen vun dëser Stad heesche goen, allerdéngs, a lauschtert gutt no, och hei op menger rietser Säit, ass och d'Fräiheet fir heeschen ze goe keng onbegrenzt."
D’Constitutionalitéit vun der Decisioun wier net iwwerpréift ginn an d’Policeaarbecht wier net respektéiert ginn. Wéi soll d’Police déi nei Reegelen ëmsetzen, freet de Gréngen Deputéierte Meris Sehovic.
"D’Regierung wëll Aarmut bekämpfen, bekämpft awer aarm Leit."
"Wann de Minister déi Limousine gesinn huet, dann hätt hie sollen hier Plackennummeren opschreiwen"
Déi Hypokrisie, mat där d’Noutwendegkeet vum Heescheverbuet argumentéiert gëtt, géif hie schockéieren, sou den Deputéierte vun déi Lénk Marc Baum. Ëmmer nees géifen déi grouss auslännesch Limousinnen zitéiert ginn, déi d’Heescherten eraus loossen.
"Ma wann de Minister déi Limousine gesinn huet, dann hätt hie sollen hier Plackennummeren opschreiwen, se der Police mellen, oder beim Parquet denoncéieren, well effektiv, dat ass verbueden."
D’Regierung steet fir ee staarke Sozialstaat a fir ee staarke Rechtsstaat. Dat eent schléisst dat anert net aus, sou den CSV-Inneminister Léon Gloden. Nom Refus vu senger Virgängerin fir d’Heescheverbuet hätt ee sämtlech Jurisprudenz gelies.
"Dat heescht, déi Decisioun ass faktuell fondéiert. Déi Decisioun ass juristesch fondéiert an déi Decisioun ass proportionell."
Fakt wier och, dat mam Policereglement keen allgemengt Heescheverbuet verbonne wier. Hei géif de code penale spillen, sou de Léon Gloden ofschléissend.