Radioen

On air

Tockcity  |  Rico Nasty - TEETHSUCKER (YEA3x)

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ 1.900 Schüler:innen hunn d'lescht Joer d'Schoul ofgebrach

Educatioun

1.900 Schüler:innen hunn d'lescht Joer d'Schoul ofgebrach

D‘Zuel vun de Jonken, déi d‘Schoul ouni Diplom ofbriechen, klëmmt. Aus enger parlamentarescher Fro geet ervir, datt den Taux d‘lescht Schouljoer op 8,2 Prozent eropgaangen ass. Virun der Coronapandemie louch e bei 7 Prozent.

auto_stories

1 min

Klassesall | © Bigstock
Klassesall (Foto: Bigstock)

D‘lescht Schouljoer hu bal 1.900 Schüler:innen d‘Schoul ofgebrach. Fir dëst Schouljoer leien nach keng Zuele vir. Den CSV-Deputéierte Marc Spautz schwätzt a senger parlamentarescher Fro vun alarmanten Zuelen. Si wieren deelweis dorop zeréckzeféieren, datt d‘Schüler:innen an der Formation professionelle ganz vill Schwieregkeeten hätten, ee Patron de Stage ze fannen.

1.000 Léierverträg opgeléist

Aus der Äntwert vum Minister Claude Meisch geet ervir, datt dat effektiv gréisser Konsequenze fir d‘Handwierk hätt. Doduerch géifen all Joer ëm déi 1.000 Léierverträg opgeléist ginn.

D‘lescht Schouljoer waren et der 1.044. Ee vun den Haaptgrënn, déi déi Jonk dofir uginn ass, datt si kee Léierbetrib, respektiv keng Beruffsschoul fonnt hätten.