Radioen

On air

Tockcity  |  Kassian - Metro

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Chamberkommissioun: Méi Aktivitéite fir d'Kanner baussent der Schoul

National

Chamberkommissioun: Méi Aktivitéite fir d'Kanner baussent der Schoul

Wéi kënnen d‘Aktivitéite baussent der Schoul am Fondamental gefërdert ginn? Dorëms ass et um Donneschdegmoien an der Chamber gaangen. An enger Interpellatioun huet d‘DP-Deputéiert a fréier Profisportlerin Mandy Minella eng Lanz gebrach fir méi Beweegung a Sport an a baussent de Schoulzäiten.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

Chamber vu bannen | © Chambre des Députés play_arrow
Chamber vu bannen (Foto: Chambre des Députés)

Enger Etüd no hätten nämlech 12 Prozent vun de Kanner aus de Schoulzyklen 1 an 2 net méi déi néideg motoresch Kompetenzen.

Ouni Beweegung klëmmt de Risiko fir Diabetes oder Depressioun

Dat wier och dorop zréckzeféieren, datt d’Kanner ëmmer méi Zäit virun Ecrane verbréngen, seet ënner anerem de Sven Clement vun de Piraten. Kanner déi sech net genuch beweegen, wieren engem méi héije Risiko fir Diabetes oder Depressioun ausgesat an hätte méi Schwieregkeete beim Léieren, esou de Sven Clement.

E puer Riedner:innen hu méi eng staark Roll vum Staat gefuerdert, fir de Gemengen ze hëllefen, Schoul a Sport méi no beieneen ze bréngen.

"Froe vun Aarmutsbekämpfung a sozialer Gerechtegkeet"

Donieft war et den Opruff, fir méi Kanner a Veräiner ze kréien. D’Francine Closener vun der LSAP ënnersträicht, datt sech eng Rei Froe stellen, wann een all de Kanner am Land déi selwecht Chance bidde wëll, Fräizäitaktivitéiten ze maachen.

"Froe vun Aarmutsbekämpfung, vu sozialer Gerechtegkeet a vu sozialer Inclusioun. Do läit d’Kromm méi wéi jee an der Heck."

Claude Meisch oppe fir d‘Diskussioun ronderëm Horaire-aménagéën

Datt d’Mandy Minella gefuerdert huet, fir iwwer en Horaire aménagé an der Grondschoul nozedenken, huet d’Francine Closener begréisst. Wouropshin den Educatiounsminister Claude Meisch gemengt huet, hie wär oppe fir sou eng Diskussioun: Allerdéngs wiere Schoulstonnen nomëttes a sengen Ae wichteg, fir d’Kanner net nach méi virun Ecranen ze loossen.

Fred Keup proposéiert Sport bis 12 Joer an der Schoul am Plaz de Veräiner

De Fred Keup vun der ADR huet d’Iddi an d’Spill bruecht, fir an Zukunft de Sport bis 12 Joer vläicht net méi an de Veräiner, mee an der Schoul ze maachen. Och wann dat net d‘Léisung vun all de Problemer wier.

Eng entspriechend Motioun vun der ADR gouf awer mat grousser Majoritéit verworf.

De Sportminister Georges Mischo huet um Enn nach betount, datt méi Sportscoordinateuren an de Gemengen néideg wären, an den Educatiounsminister Claude Meisch drop verwisen, dass eng Sportsstonn méi, wéi vun der Mandy Minella ugeduecht, och méi Infrastrukture bedeit.

Lauschterenplay_arrow