Dës Zuel kënnt aus enger Reschtoffallanalys vun 2022. Dëst Joer géif iwwerdeems eng weider Analys gemaach ginn, fir ze kucken a wéi eng Richtung sech dësen Trend beweegt.
Aktuell sti 555 Kleedercontainer uechter d‘Land. 2023 wieren iwwer 5.181 Tonnen Textilien a Kleeder agesammelt. Nieft de Container ginn och Haus-zu-Haus Sammlungen an d‘Asammlung a Ressourcenzenter ugebueden.
D‘EU-Direktiv wier iwwerdeems scho mat der Ännerung vum Offallgesetz 2022 ëmgesat ginn, schreift den Ëmweltminister.