Bei enger gemeinsamer Pressekonferenz mam franséische President Emmanuel Macron sot hien, datt Kanada d'Bezéiung mat sengen „zouverlässegen Alliéierten, wéi Frankräich“ verstäerke wéilt. Hannergrond ass een Handelssträit a staark Spannungen tëscht Kanada an den USA. Den US-President Donald Trump huet schonn e puer Mol widderholl, datt Kanada den 51. US-Bundesstaat soll ginn.
Kanada wäert ni, a kenger Form, Deel vun den USA ginn, esou de Mark Carney e Freideg bei senger éischter offizieller Ried. Hie soll no senger Visitt zu Paräis weider op London reesen. Thema bei senger Entrevue mat sengem britteschen Homolog Keir Starmer soll ënnert anerem d‘Verstäerke vun der trans-atlantescher Sécherheet sinn.