Viséiert si Militärcheffen aus dem Ruanda an ee Responsabele vum Minnesecteur. De Lëtzebuerger Ausseminister war beim Treffen haut zu Bréissel net dobäi well hien op Auslandsrees am Bhutan an an Indien ass. Beim leschten EU-Ausseminister Treffen hat de Xavier Bettel d‘Sanktioune géint de Ruanda zwar ënnerstëtzt mee se net direkt wollen unhuelen. Dat mam Argument, datt Lëtzebuerg d‘Mediatiouns-Efforten tëscht béide Partië wéilt ofwaarden.
Ruanda huet iwwerdeems seng diplomatesch Relatioune mat der Belsch, mat effet immédiat, ofgebrach. Ruanda geheit der Belsch vir, scho Partei fir Kinshasa ergraff ze hunn, nach wärend dem Konflikt an der Demokratescher Republik Kongo. Dat mellt de ruandeschen Ausseministère zu Kigali. D‘Belsch géif déi Decisioun bedaueren, si wier disproportionéiert, heescht et vu Bréissel.