Net eens gouf ee sech bis elo iwwert méi labber Reegele fir Visaen fir EU-Bierger. Dorop hat Bréissel en vue vun der Mobilitéit fir Jonker gepocht. London huet deem awer bis elo net noginn an deem Punkt.
Win-Win?
D‘EU ass d'Haaptdestinatioun vun de britteschen Exporter. Zënter dem Brexit sinn déi ëm 21 Prozent erofgaangen, wéinst den administrativen Hürden, de Grenzkontrollen an dem Verbuet vu verschiddene brittesche Produiten an der EU. Dat sollt elo alles der Vergaangenheet ugehéieren, seet de brittesche Premier Keir Starmer. Ënner anerem Landwirtschaftlech Produite solle rëm fräi an d'EU reese kënnen. Fir d'Verbraucher:innen a Groussbritannien misst dat heeschen: D‘Präisser op deene Produite ginn erof.
Eng Win-Win Situatioun also, fënnt de brittesche Premier. Domat ass awer net jiddereen averstanen. Virop d‘Cheffin vun der konservativer Oppositioun Kemi Badenoch. Si ass der Meenung, datt London op en Neits de Bréisseler Decisiounen ausgeliwwert ass. D‘Britten hunn nämlech zougestëmmt, sech un all nei Planzeschutzreegelung vun der EU mussen ze halen, ouni selwer formell am Entscheedungsprozess dobäi kënnen ze sinn.
Gemëschte Gefiller op Säite vu Groussbritannien
D‘EU krut och den Zougank zu brittesche Gewässer fir d‘Fëscherei ëm 12 Joer verlängert. Eng schlecht Nouvelle fir de brittesche Fëscherverband, wärend zum Beispill schottesch Saumonsziichtereien dat begréissen.
Och d‘Rüstungsentreprise weise sech zefridden, well mam Ofkommes eng strategesch Zesummenaarbecht erméiglecht gëtt, fir am SAFE-Programm matzemaachen. Domat kritt Groussbritannien Accès op Kreditter fir Rüstungsgidder. Den ëmstriddene Mobilitéitsaccord fir Leit ënner 30 Joer gouf verluecht. De Keir Starmer ass iwwerdeems frou driwwer, datt bannent dräi Wochen dräi Handelsaccorden ënnerschriwwe goufen.
Offensiv Attacke vu brittescher Säit
Vu Säite vun der EU gouf den Deal mat grousse Wieder begréisst. Virdru war haart verhandelt ginn. Wat vun do heiansdo erausgedrongen ass, huet net ëmmer ganz frëndschaftlech geklongen. Et huet och un al Zäiten erënnert, deemools wéi nom Austrëtt vu Groussbritannien aus dem EU-Club an endlose Sitzungen d'Konditioune fir d'Post-Brexit-Zäit definéiert goufen.
D'EU-Diplomaten haten an de leschten Deeg vun offensiven Attacke vu brittescher Säit op EU-Memberstaate geschwat. Dovun, datt Groussbritannien probéiert huet, d'Länner auserneen ze dividéieren, fir méi fir sech selwer erauszeschloen. Et gouf bis Méindegmoie fréi verhandelt mam Resultat, dat um Enn effektiv een Deal zu London um Dësch louch.
"Sollen" an net "mussen"
Den Text selwer liest sech ewéi eng Suite vu ganz villen Intentioune fir zukünfteg Engagementer. An de meeschten Abschnitter heescht et, d'EU a Groussbritannien „sollten“ an net „missten“ dëst oder dat op de Wee bréngen. Fir datt doraus elo seriö Engagementer ginn, mussen also aus deene Paragrafe reell Accorden ervirgoen.
Déi ginn elo richteg ausgehandelt, an engem Klima dat, op d'mannst op brittescher Säit, scho stiermesch ass. Déi schottesch Fëscherorganisatioun huet um Méindeg vun engem Horror-Deal geschwat.
Fir datt op béide Säiten d'Leit dovun iwwerzeegt ginn, datt si um Enn vun deem Deal profitéieren, muss deen elo sou séier wéi méiglech ëmgesat ginn. „Mir mussen elo liwweren“, sou d'Kommissiounscheffin Ursula von der Leyen an änlech Téin kommen och aus dem Europaparlament, wou den Deal begréisst, awer och festgehale gouf, datt d'Aarbecht elo richteg ufänkt.
Marie Billon vu London an d'Danièle Weber vu Bréissel