Radioen

On air

Kultur um 5  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Dem Donald Trump seng Handelspolitik schuet der Weltwirtschaft

100 Deeg Ekonomie ënner dem Donald Trump

Dem Donald Trump seng Handelspolitik schuet der Weltwirtschaft

Um ekonomesche Plang hätt den Donald Trump a senger zweeter Amtszäit bis elo virun allem eppes fäerdeg bruecht: Ee grousse Chaos an Onsécherheete schafen, an den USA a weltwäit. Dat seet de Mike Schmit, Chef-Ekonomist bei Edmond de Rothschild.

auto_stories

4 min

headphones

7 min

© picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde play_arrow
(Foto: picture alliance / CHROMORANGE | Christian Ohde)

Dem Donald Trump säin Handelskrich géif de Konsumenten op der ganzer Welt schueden an och d'Bourssë géifen ënner senger Politik an deem Beräich leiden. 

"Et gesäit och aus, wéi wann e puer vu sengen ekonomeschen Ziler, dee hie sech selwer gesat huet, ouni se onbedéngt ze kommunizéieren, net kéinten erreecht ginn, well d'Reaktioun vun de Finanzmarchée genau de Contraire produzéiert vun deem, wat en eigentlech wollt."

Soll den US-Dollar epress ofgewäert ginn?

Et kéint een och d'Impressioun kréien, wéi wann d'US-Regierung den US-Dollar wéilt schwächen, seet de Mike Schmidt. 

"Effektiv, am Entourage vum Donald Trump sëtze Leit, déi hu Konzeptpabeieren ausgeschafft. Wann een déi am Detail liest, da kritt een effektiv d'Impressioun, datt déi nei Handelspolitik just ka fonctionéieren, wann och gläichzäiteg den Dollar sech depresséiert."

Et géif een un de Reaktioune vun de Finanzmarchéë gesinn, datt den Dollar all Kéier weider ofwäert, wann den Donald Trump nees eng provokativ Äusserung mécht.

"Mir hu mëttlerweil och um Euro-Dollar zum Beispill eng Entkopplung vun deem fundamentale richtege Wäert vum Euro-Dollar, deen net bei 1,14 läit, wéi mir elo de Moment op dat gesinn, mee éischter e bësse méi déif."

An dëser Legislatur hätt den Donald Trump sech nach net zu deem Sachverhalt geäussert, mee a sengem leschte Mandat hat hien e puer Mol gesot, datt ee méi déiwen Dollarcours Sënn vu sengem Politik wier, esou de Mike Schmidt.

China léisst sech net ënner Drock setzen

Dem Donald Trump säi Plang fir duerch dramatesch héich Importtaxen d‘Handelspartner vun den USA ënner Drock ze setzen, géif bei China visiblement net funktionnéieren.

"China huet zu engem bestëmmtene Mooss de Spiiss hei ëmgedréit a léisst den Trump mat sengen Annoncen an deem ganzen Hin an Hier scheinbar gär oplafen, andeems hire President seet, hie géif de Moment guer keng Diskussioun mat Amerika gesinn, soulaang déi Tariffer net op de fréieren Niveau zeréckgesat ginn."

Als Konsequenz vun den US-Importtariffer op chineesesch Gidder gesäit een dann och schonn, datt rezent vill manner chineesesch Frachter an US-Häfen uleeën. US- an EU-Bierger misste sech drop astellen, datt vill manner Wueren aus China disponibel wäerte sinn. Et géif Schätzunge ginn, déi dovun ausginn, datt dat bis zu 60 Prozent réckleefeg ass.

Covid-änlech Enkpäss ze erwaarden

Bis Mëtt Mee wäerte vill US-Betriber wéi Target oder Walmart hir Bestänn erëm mussen opfëllen, an da wäerte si d'Präisser mussen no uewen upassen, an et wäert och deelweis zu eidele Regaler kommen, esou den Expert. Verschidde Ekonomiste géifen och virun engem Covid-änlechen Enkpass a Branche wéi dem Camionsverkéier, der Logistik an dem Eenzelhandel warnen.

"An obwuel den Trump an deene leschten Deeg e puer Zeeche gewisen huet, datt hie bereet ass, bei den Importzëller géint China an anere Länner méi flexibel ze sinn, kéint et ze spéit sinn, fir dee Schock ze verhënneren, deen do op déi amerikanesch Wirtschaft duerkënnt."

D'Frachtindustrie hätt hir Capacitéite wéinst der schwaacher Nofro an den Onsécherheete reduzéiert. Wa sech d'Situatioun nees géif entspanen, kéinten d'Liwwercapacitéite relativ séier iwwerfuerdert ginn, wat zu Verspéidungen an de Liwwerkette géif féieren an domat d'Käschte fir d‘Konsumente géif an d'Luucht dreiwen.

"Eng änlech Situatioun hate mir wärend der Pandemie, wou d'Präisser fir d'Containere sech op eemol verféierfacht haten an d'Frachtschëffer effektiv an den Häfen op eemol net méi laanschtenee kommen."

Den EU-Marché kéint duerch China-Dumping "futti gemaach ginn"

Fir Europa bestéing de Risiko, datt China méi Produiten op dem europäesche Marché géif verkafen, amplaz um US-amerikaneschen. 

"An déi grouss Angscht muss sinn, fir eis, datt China d'Präisser déif usetzt, fir eisen eegene lokale Produite Konkurrenz ze maachen a se hei op eisem europäesche Marché ze verdreiwen."

D'EU-Kommissioun hätt dëse Risiko vun Dumping schonn erkannt a géif sech dogéint wieren. Mee de Risiko géif bestoen, datt doduerch den europäesche Marché kéint futti gemaach ginn, esou de Mike Schmit.

"An ech schwätzen effektiv do net just iwwer Elektroautoen, mee méi global gesinn ass dat effektiv eng Problematik, déi se stellt bei eis."

Lauschterenplay_arrow