Op Uerder vum Donald Trump, hunn d’USA e Samschdeg déi vum Iran ënnerstëtzten Huthi-Miliz am Jemen ugegraff. D’Huthi-Rebellen hunn an de leschten 10 Joer eng Majoritéit vum Jemen ënner hir Kontroll bruecht.
Ugrëff mat bedeitendem wirtschaftlechem Schued
Engem Spriecher vum amerikanesche Verdeedegungsministère no, hätten d’Huthis zënter November 2023 eng 145 Mol Handelsschëffer a 174 Mol US-Militärschëffer ugegraff. D’Huthi hätten nom Ausbroch vum Krich an der Gazasträif aus Solidaritéit mat der Hamas, Schëffer attackéiert, déi eng „Verbindung zu Israel“ hunn. Den Huthi hir Ugrëff op d’Schëffer am roude Mier, hätte bedeitend wirtschaftleche Schued mat sech bruecht.
Huthi reagéiert mat zwou Attacken
Beim Ugrëff e Samschdeg sinn dem jemenittesche Gesondheetsministère no, op d’mannst 31 Mënschen ëm d’Liewe komm. Et wieren och Wunngebitter nërdlech vun der jemenittescher Haaptstad Sanaa ugegraff ginn, heescht et bei der Huthi-kontrolléierter Noriichtenagence Saba, déi vun den Huthi kontrolléiert gëtt.
Gëschter Owend an an der Nuecht, hunn d’Huti-Rebelle mat zwou Attacken op d’US-amerikanescht Fligerschëff Harry Truman reagéiert. De Chef vun den Huthi, den Abdul Malik al-Huthi huet erkläert datt ee mat weiderer Eskalatioun géif reagéiere wann d’USA weiderhin Attacke lancéieren.
Och den Iran ass vum Donald Trump um Medium Truth Social gewarnt ginn. Teheran sollt d’Ënnerstëtzung fir d’Huthi-Miliz zeréckzéien. De Chef vun der iranescher Revolutiounsgard huet doropshi geäntwert, datt ee kee Krich wéilt. Et géif een awer reagéieren, wann den Iran sollt ugegraff ginn.