D‘Kräfteverhältnis an der Chambre des salariés ass den Ament ganz däitlech: Den OGBL huet 37 Sëtz, nodeems Ufank des Joers de Landesverband mat sengen zwee Mandater mam Onofhängege Gewerkschaftsbond fusionéiert huet. Den LCGB huet der 18 – plus een, wann een dee vun der Syprolux derbäi zielt, dee virun engem gudde Joer e Kooperatiounsvertrag mam LCGB ënnerschriwwen hat. Bleiwen der also nach véier, an déi hält d‘Aleba. Déi fréier Banken an Assurancëgewerkschaft hat bei de leschte Sozialwalen hir Majoritéit am Grupp 4 vun de Salariéen aus dem Finanzsecteur ëm manner wéi ee Prozentpunkt verluer, an domat d‘Recht oferkannt kritt, fir Kollektivverträg bei Banken an Assurancen eleng ze ënnerschreiwen. Dës Kéier gëtt d‘Aleba sech kampfbereet an trëtt a sechs Gruppe mat enger Lëscht un. Ob si et fäerdeg bréngt den al ofgesiessene Gewerkschaften d‘Stier ze bidden, muss sech haut weisen.
Duebel sou vill Wieler wéi bei de Chamberwalen, mee traditionell niddrege Waltaux
Eng grouss Erausfuerderung ass heibäi wuel och d‘Wielerparticipatioun. D’Pensionären a jiddereen, deen hei am Land schafft, dierf d‘Vertrieder an der Chambre des salariés wielen. Dat entsprécht ganz genee 616.754 Wieler. Méi wéi duebel souvill wéi bei de Chamberwalen, a ronn 90.000 méi wéi 2019. Deemools haten awer nëmmen 32 Prozent, also grad emol knapp 170.000 Persounen, tatsächlech vun hirem Stëmmrecht Gebrauch gemaach, geet aus engem Rapport ervir, deen de LISER fir d‘Salariatskummer gemaach huet. Bei de Frontalieren an eisen auslännesche Matbierger war den Taux esouguer nach méi niddereg.
Komplett Resultater eréischt an den nächsten Deeg
Fir LCGB an OGBL sinn dat awer net déi eenzeg Chantieren. Groussen Enjeu ass fir si och hir Representativitéit um Terrain. Déi ass iwwert déi lescht Joerzéngten nämlech kontinuéierlech gefall: Den OGBL war 2019 zwar stäerkste Kraaft am Privatsecteur bliwwen, hat awer weider Verloschter gemaach a koum op ronn 23 Prozent vun den Delegéierten an de Betriber. 14 Prozent ware Member vum LCGB. Ganzer 57 Prozent vun de Personalvertrieder waren onofhängeg ënnerwee. De Syndikalismus huet awer op ville Plazen uechter d‘Welt a rezente Joren nees en Opschwong erlieft – sief un d‘Streikbeweegungen a ville Länner erënnert. Ob a wéi en Impakt dat hei am Land huet, gesi mer wann d‘Resultater an den nächsten Deeg virleien.