Radioen

On air

Spektrum  |  Marcus King - Hero

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Handwierkerfederatioun: OGBL an LCGB an der realer Aarbechtswelt eng Randerscheinung

Neutral Delegéierter maachen de Gros aus

Handwierkerfederatioun: OGBL an LCGB an der realer Aarbechtswelt eng Randerscheinung


D‘Handwierkerfederatioun fuerdert méi Gestaltungsfräiheet an de Betriber fir Aarbecht an Aarbechtszäit ze organiséieren. Dëst ass ënner anerem eng Reaktioun dorop, datt am Handwierk de Groussdeel vun de Personalvertrieder neutral Delegéierter sinn.

auto_stories

1 min

Handwierk | © Dominik Scythe / Unsplash
Foto: Dominik Scythe / Unsplash

Déi fräi Lëschte wieren déi grouss Gewënner vun dëse Sozialwalen, heescht et an engem Communiqué vun der Federation des Artisans. A Strukture mat manner wéi 100 Mataarbechter, wéi se am Handwierk üblech wieren, wiere 77 Prozent vun de gewielte Personalvertrieder neutral.

OGBL an LCGB wieren an der realer Aarbechtswelt eng absolut Randerscheinung. Dat wier e klore politeschen Optrag, fir de gesetzleche Kader esou unzepassen, datt d‘Direktiounen an d‘Personaldelegatioune méi fräi an op hire Betrib ofgestëmmt kéinten Decisiounen huelen.

D‘Regierung hätt ugekënnegt, d‘Aarbechtsrecht unzepassen. Dat misst dann elo och prioritär op de politescher Agenda gesat ginn.