Radioen

On air

Notturno  |  Faux Real - Kindred Spirit

play_arrow Live
search

/ Hacker-Grupp soll d'Donnéeë vu Milliounen Ticketmaster-Clientë geklaut hunn

Enquête an Australien

Hacker-Grupp soll d'Donnéeë vu Milliounen Ticketmaster-Clientë geklaut hunn

An Australie gëtt enquêtéiert, well een Hacker-Grupp behaapt, d’Donnéeë vu 560 Millioune Cliente vun der Billetterie Ticketmaster wëllen ze verkafen. Den amerikaneschen FBI huet der australescher Regierung elo dofir hir Hëllef an dëser Affär ugebueden.

auto_stories

1 min

Ticketmaster | © picture alliance / NurPhoto | Jaap Arriens
Ticketmaster (Foto: picture alliance / NurPhoto | Jaap Arriens)

Den Hacker-Grupp „ShinyHunters“ huet an engem Onlineforum geschriwwen, déi geklauten Donnéeën – dorënner Kreditkaarten-Detailer - fir ëmgerechent 460.000 Euro wëllen ze verkafen.

D’Noriichtenagence AFP huet Ticketmaster kontaktéiert, an huet bis elo kee Kommentar zu dësem Fall kritt.