Radioen

On air

Notturno  |  Nick Drake - Time Has Told Me

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Groussbritannien: ee speziellt Gebeess an der Chrëschtdagszäit

International

Groussbritannien: ee speziellt Gebeess an der Chrëschtdagszäit

A Groussbritannien ass ee speziellt Gebeess virun allem an der Chrëschtdagszäit ganz beléift. Wou kënnt et hier, a firwat hunn d’Britten et esou gär?

auto_stories

3 min

headphones

3 min

play_arrow
Foto: Claire Barthelemy

Claire Barthelemy, London

Den James Bond mécht et moies op seng Schmier, de Paddington Bear huet ëmmer een Dëppchen a senger Wallis, an all Joer kennt et als Glasur op den traditionelle Chrëschtdagsbrot. Et geet ëm Marmalade. Dat ass ee Gebeess, dat traditionell aus de batteren Orangen aus der spuenescher Stad Sevilla gemaach gëtt. Et ass eng Orange fir déi keng aner Natioun esou de Goût huet wei d’Britten. D'Friichten si rompeleg, voller Kären, an immens batter, et kann ee se net frësch iessen. Mee ee puer Stonne laang gekacht, a mat ganz vill Zocker, gëtt doraus een aromatescht Gebeess.

Dëst Gebeess ass esou eng etabléiert brittesch Traditioun, datt d'Queen sech esouguer als Fan bekannt huet. An engem Video, dee fir hire 70. Troun-Jubiläum gefilmt gouf, huet si en animéierte Paddington Bear fir den Afternoon Tea an de Buckingham Palace agelueden. Wéi deen hir ee Marmalade-Toast ugebueden huet, sot si, si hätt selwer een dobäi. 



D'Spuenier si frou iwwer de Britten hir Léift fir d'Sevilla-Orangen

An do huet si d'Posch erëm zougemaach. Wéi si dunn e puer Méint drop, am September 2022, gestuerwen ass, hunn d'Leit nieft Blummen och Marmalade-Sandwiche bei de Buckingham Palace geluecht. D'Vente vum Gebeess ass bal 20 Prozent eropgaangen an de Wochen no hirem Doud.
A Spuenien ass ee ganz frou iwwer de Britten hir Léift fir d'Sevilla-Orangen, well dee gréissten Deel vum Export vun de battere Friichte geet op d'brittesch Insel.

D'Orangen, déi am 12. Joerhonnert a Spuenie koumen, kann ee just wärend enger kuerzer Zäit hei a Groussbritannie kafen - vun Enn Dezember bis Mëtt Februar. An obwuel een eigentlech just Zocker an Orangë brauch, ginn et dach zeg Rezepter, déi all Joer op engem internationale Gebeess-Concours am Nordweste vun England jugéiert ginn.

Wéi a villen anere Länner hu sech d'Frühstücksgewunnechten och hei iwwer d’Joerzéngte geännert. Vill Leit iesse léiwer méi séiss Saachen op hirem Toast, wéi Hunneg oder Schockelasbotter, an et gëtt och moies méi on-the-go giess. Mee zur Chrëschtdagszäit ass d'Marmalade erëm populär.

Bei Paul Rothe and Sons kann een déi klassesch Marmalade an all Variatioun kafen a sech och ee Sandwich maache loossen, fir op der Plaz ze iessen. De Proprietär seet, datt déi traditionell Marmelade sech virun allem am Dezember ëmmer gutt verkeeft.

Wéi mécht een dëst Gebeess dann iwwerhaapt?

Hei e puer wichteg Tippe vun der Delia Smith, enger bekannter brittescher Kächin. Éier een ufänkt mam Gebeess, mussen d'Orangen als éischt mol 3 Stonne laang mat der Schuel gekacht ginn. D'Schuel geet duerno mat an d'Gebeess, an dat Ganzt gëtt nach emol mat ganz vill Zocker 3 bis 4 Stonne laang lues weider gekacht. D'Resultat léisst sech weisen.

 

Däischter, a mat Stécker - kee Land op der Welt ka Marmelade esou maache wéi mir, esou d'Kächin op der BBC. A muer kënnt Gebeess dann och op de Chrëschtdags-Brot.

Lauschterenplay_arrow