Radioen

On air

Notturno  |  Matt Dawson - The Cliffs Of Lone

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Gläichstellungsministère publizéiert nei Zuelen zur Geschlechterstatistik

Tauxen tëschent 35 a 44 Prozent

Gläichstellungsministère publizéiert nei Zuelen zur Geschlechterstatistik

Op den 30. Juni dëst Joer loung den Taux vun de Fraen, déi a Verwaltungsréit vun Établissement-publicen aktiv sinn, bei ronn 39 Prozent. Um Niveau vun de Staatsgremien läit deen Taux bei ronn 44 Prozent, an um Niveau vun den Entreprisë bei 35 Prozent.

auto_stories

1 min

Déi Zuelen huet de Gläichstellungsministère an engem Communiqué matgedeelt. Et ass den 18. Tëschebilan vun der Geschlechterstatistik an Entscheedungsgremien, deen de Ministère publizéiert.

D‘Zuele géife sech all an déi richteg Richtung entwéckelen, betount d‘Gläichstellungsministesch Yuriko Backes an engem Schreiwes. Eng equilibréiert Bedeelegung vu Fraen a Männer bei politeschen a wirtschaftlechen Decisioune wier weiderhin eng Prioritéit vun der Regierung.