Radioen

On air

Notturno  |  Jesca Hoop - Sudden Light

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CML: Eng eenheetlech Gestioun vun de Schlässer an historesche Sitten zu Lëtzebuerg

Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg

CML: Eng eenheetlech Gestioun vun de Schlässer an historesche Sitten zu Lëtzebuerg

De Kulturminister huet um Dënschdegmoien den neie Centre des Monuments du Grand-Duché de Luxembourg virgestallt, deen zënter Mäerz dëst Joer operationell ass. D’Haaptmissioun vum CML wier déi deeglech Gestioun a Promotioun vu Schlässer an historesche Sitten déi dem Staat gehéieren, esou d’Erklärunge vum zoustännege Minister, Eric Thill.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

play_arrow
Foto: Marlène Clement

Bis elo hätte sech virun allem Associatiounen ëm d‘Gestioun vun den historesche Monumenter a Sitte gekëmmert, dacks op fräiwëlleger Basis. Dat soll mam CML änneren.

D’Zil wier et d’Gestioun méi kohärent ze gestalten an ze professionaliséieren. Dat a Kollaboratioun mat den Acteuren um Terrain, sot de Kulturminister Eric Thill.

"Et ass en Zesummespill vum CML op där enger Säit, mat op där anerer Säit den Associatiounen an de benevolle Leit um Terrain, déi iwwert déi lescht Jore ganz vill a gutt Aarbecht do geleescht hunn, wou mir natierlech op d'Expertis, den Knowhow, d'Erfarung vun deene Leit zeréckgräife wëllen, an och mussen."

Aktuell këmmert sech eng Ekipp vun eelef Persounen em d‘Gestioun vun dräi Sitten: D’Renaissance-Schlass an och d’Mëttelalterbuerg vu Beefort, d’Mëttelalterbuerg an der Fiels an déi galloromanesch Siidlung mam Theater zu Duelem.

Weider Sitte sollen dobäikommen

Déi dräi genannte Sitte sollen engem méi breede Public zougänglech gemaach ginn. Duerch ënnert anerem Kombi-Ticketen, Evenementer a eng verstäerkt Social Media Presenz. An Zukunft sollen och nach weider Sitten dobäi kommen, huet de Kulturminister Eric Thill op Nofro hi preziséiert.

"Do si mir och schonn an der Diskussioun, a ganz konstruktive Gespréicher. Et ass awer wichteg, datt mir dat net vun uewen erof maachen. Dat geschitt am Dialog. Et war eis awer wichteg elo op den éischte Mäerz unzekommen, a wou mir dës Sitten eben erausgesicht hunn, wou de Kader scho stoung, wou mir eng excellent Zesummenaarbecht haten."

Den CML krut an enger éischter Phae 300.000 Euro vum Kulturministère fir déi geplangten Aktivitéiten op den dräi Sitten. Aus der sougenannter “Association de préfiguration” soll zäitno en Etablissement public ginn.

Lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft