Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Taina Bofferding iwwer Spezialkommissioun: Et muss mat oppene Kaarte gespillt ginn

Caritas

Taina Bofferding iwwer Spezialkommissioun: Et muss mat oppene Kaarte gespillt ginn

Déi parlamentaresch Spezialkommissioun iwwert d‘Caritas, ass zanter leschter Woch am Asaz. Si soll hëllefen, fir eng transparent Opklärung ze suergen, an d‘Caritas Bedruchsaffär politesch propper opzeschaffen. Dat sot d‘LSAP Fraktiounscheffin Taina Bofferding am 100,7-Interview.

auto_stories

1 min

headphones

7 min

play_arrow

D‘Caritas Spezialkommissioun gouf duerch eng Resolutioun vun der LSAP an d‘Liewe geruff. Bis elo hunn d‘Regierungsvertrieder:innen op vill Froen nach keng Äntwerte ginn.

„An dofir ass et eebe wichteg, datt mer nach kënnen anerer invitéieren, fir awer endlech déi Froen do ze kréien, déi eis ëmmer beschäftegen.“

Och déi Leit, déi concernéiert sinn, missten an dëser Spezialkommissioun zu Wuert kommen. Dorënner och de Bistum an den CA vun der Caritas, vun deenen ee bis elo net vill héieren hätt. Et wier un der Zäit „mat oppene Kaarten ze spillen.“

Lauschtert de ganzen Interviewplay_arrow

Aktualitéit
Caritas
National
Politik a Gesellschaft