Radioen

On air

Notturno  |  Cyclorama - The Walls Have Ears

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Wéinst Interessekonflikt: Laurent Zeimet demissionéiert aus Caritas-Spezialkommissioun

Caritas

Wéinst Interessekonflikt: Laurent Zeimet demissionéiert aus Caritas-Spezialkommissioun

D’Caritas-Spezialkommissioun brauch en neie President. Den CSV-Deputéierte Laurent Zeimet huet säi Fraktiounspresident Marc Spautz haut informéiert, datt hie wéinst méiglechen Interessekonflikter aus der neier Chamberkommissioun demissionéiert.

auto_stories

1 min

De Laurent Zeimet sot eis, hie wier aktuell als Affekot bei der Etude Schiltz & Schiltz ageschriwwen. No Récksprooch mat der Etude hätt hien decidéiert sech aus der Kommissioun zréckzezéien. Muer, Donneschdeg, wëll d’CSV an der Chamberplenière en aneren Deputéierten nominéieren.

D’Kommissioun huet eng Parti Acteuren invitéiert, déi vun der Fraude vun 61 Milliounen Euro bei der ONG betraff sinn, respektiv déi mat der Krisegestioun ze dinn hunn. Am Prinzip soll d’Kommissioun all Woch mëttwochs zesummekommen, an hir Aarbecht bis den Abrëll d’nächst Joer ofschléissen.