Radioen

On air

Notturno  |  Shintaro Sakamoto - From The Dead

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Cercle des ONG: Hoffen datt d'Solidaritéit wéinst engem kriminellen Akt net verluer geet

Reaktioun op de Finnazskandal bei der Caritas

Cercle des ONG: Hoffen datt d'Solidaritéit wéinst engem kriminellen Akt net verluer geet

D’Dimensioun vum Fall vu Verontreiung an Detournement vun 61 Milliounen Euro bei der Caritas war fir de Verwaltungsrot vum Cercle des ONG de Développement eppes Onvirstellbares, sou de Luc Siebenaller, President vum Conseil. Hie fäert, datt net just d'Caritas ënnert dem Skandal leide kéint.

auto_stories

2 min

Foto: Archiv

De Cercle des ONG regroupéiert eng 89 ONGen, déi all an der Kooperatioun aktiv sinn. Dorënner och d’Caritas Lëtzebuerg.
Deen hiren Direkter, de Marc Crochet, hat hei op der Antenne gesot, datt ee keng Spende soll u seng Organisatioun schécken. 

Luc Siebenaller: Et zielt ee weider op d'Donnateuren

Den Impakt vun dësem Skandal wäert warscheinlech laang bei de Spender ze spiere sinn, an aner ONGe kéinten eventuell och dorënner leiden, fäert de President vum Verwaltungsrot vum Cercle des ONG, de Luc Siebenaller.

"Natierlech fäerte mir, datt d’Leit méi retizent ginn, mee mir hoffen, datt d’Leit awer verstinn, ëm wat et hei geet. Datt eng Valeur ewéi d’Solidaritéit net ka verluer goen duerch ee kriminellen Akt. Ech mengen, d’ONGe vertriede ganz staark Valeuren an eng staark Ethik allgemeng a mir ziele weiderhin op d’Solidaritéit an op d’Spende vun de Donateueren."

Déi Zommen, déi der Caritas geklaut goufen, ware geduecht, fir de Leit a Nout ze hëllefen, sief dat hei zu Lëtzebuerg oder och an Ëntwéckelungsprojeten, ouni déi 500 Mataarbechter an 300 Benevollen ze vergiessen, bedauert och de Luc Siebenaller.

ONGe hu grouss Rechenschaftsflichten a strikt Prozeduren

De Luc Siebenaller ënnersträicht, datt et sech beim Finanzbedruch bei der Caritas ëm een kriminellen Akt handelt. Elo géif et drëms goen, z’analyséiere wéi et dozou konnt kommen. Hien ënnersträicht, datt d’ONGen zu Lëtzebuerg all kontrolléiert ginn an datt se all Joer een Audit vun hire Finanze musse virweisen.

"Mir hunn och ganz strikt Prozeduren déi mussen agehale ginn, déi ginn och verschäerft an dat och am Sënn vum Kampf géint de Blanchiment an och dem Finanzement vum Terrorismus. Et ginn och ëmmer méi Prozeduren déi mir operluecht kréien, déi mir dann och gewëssenhaft a strikt suivéieren."

De Cercle des ONG de Développement wier opallefall solidaresch mat der Caritas an hofft op eng séier Léisung.

Drénglechkeetssëtzung an der Chamber

An der Mëttesstonn ass eng Drénglechkeetssëtzung vun de Budgetskontroll a Famillje-Chamberkommissiounen, déi op Ufro vun déi gréng a vun der LSAP aberuff gouf. Do soll de Premier Luc Frieden präziséieren, wéi den Dossier ugepak gëtt. Et geet do ëm d’Aktivitéite vun der Hëllefsorganisatioun, déi ënnert anerem am Optrag vum Staat realiséiert ginn. Et geet awer och ëm d’Iwwerliewe vun der Caritas Lëtzebuerg.

Aktualitéit
Caritas
National
Politik a Gesellschaft