Radioen

On air

9 bis 1  |  King Pari - Somethin' Somethin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Luxembourg Confederatioun begréisst Annonce - Gewerkschaften decidéieren Aktiounsplang

Sonndesaarbecht

Luxembourg Confederatioun begréisst Annonce - Gewerkschaften decidéieren Aktiounsplang

D’Luxembourg Confederation begréisst déi rezent Annonce vum Aarbechtsminister Georges Mischo, fir d’Dauer vun der Sonndesaarbecht am Eenzelhandel vun den Ament 4 op 8 Stonnen ze hiewen. Den OGBL schwätz iwwerdeems vun enger "riseger Attack op d'Rechter vun de Salariéen".

auto_stories

2 min

headphones

9 min

© Bigstock / malija play_arrow
Foto: Bigstock / malija

Den Aarbechtsminister Georges Mischo huet den deementspriechende Gesetzprojet, deen de Code du travail wäert reforméieren, d'lescht Woch virgestallt. Fir d‘Luxembourg Confederation wier dat eng wichteg Hëllef, fir d’PMEen ze ënnerstëtzen an de lokale Commerce ze revitaliséieren.

Laang Fuerderung vun der Luxembourg Confederation

D’Luxembourg Confederation schwätzt vun enger laanger Fuerderung. Vill Secteure géifen och schonn dovu profitéieren, esou d'Carole Muller, Presidentin vun der Luxembourg Confederation.

„Dat ass eppes, wat mir schonn eng ganz Zäitche froen. Dat ass schonn an anere Secteuren de Fall. Ech mengen, fir eis Employéen ass et méi einfach, sech ze deplacéiere fir 8 Stonnen, wéi mat 4.“

Reaktioun vun der Carole Mullerplay_arrow

David Angel: Déi bescht Balance wiere sonndes 0 Stonnen

Den David Angel vum OGBL mengt iwwerdeems net, datt déi sougenannte Work Life Balance doduerch verbessert gëtt. Déi bescht Balance wier Sonndes 0 Stonnen ze schaffen. De Gewerkschaftler berifft sech op eng Etüd vum LISER, an där 80 Prozent vun de Befroten uginn hunn, sonndes guer net wéilten ze schaffen.

Vill Leit, déi am Eenzelhandel schaffen, wieren iwwerdeems Leit mat Kanner, respektiv elengerzéiend Elteren. Fir déi wier et organisatoresch vill méi schwéier, sonndes eng Garde fir hir Kanner ze fannen, wéi ënnert der Woch.

D‘Gesetz vun de 4 Stonne sonndes wier och dacks net agehale ginn, sou datt d‘ITM Kontrollen huet misse maachen. Datt den Aarbechtsminister déi 8 Stonnen erlabe wëll, wier esou éischter als Legaliséierung vun enger illegaler Praxis ze verstoen.

"Eng riseg Attack op d‘Rechter vun de Salariéen", nennt den David Angel vum OGBL dem Aarbechtsminister Georges Mischo déi rezent Decisiounen an Zesummenhang mat Kollektivverträg a Sonndesaarbecht.

D‘Gewerkschafte bedaueren, do virun e Fait accompli gestallt ze ginn. Um Méindeg waren den OGBL an LCGB beieneen, fir iwwer eng Reaktioun ze beroden. Si hunn och en Aktiounsplang decidéiert.

Interview mam David Angel lauschterenplay_arrow

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft