Radioen

On air

9 bis 1  |  King Pari - Somethin' Somethin'

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Tarifstruktur vu Stroumpräisser: Fir déi gréng ee wichtege Schrëtt a Richtung Fairness

Energie

Tarifstruktur vu Stroumpräisser: Fir déi gréng ee wichtege Schrëtt a Richtung Fairness

Am Kontext vun der neier Tarifstruktur bleiwe fir déi gréng nach eng Rei Froen op. Den ILR hat Ännerunge fir d‘Tariffer annoncéiert. Der Joëlle Welfring no geet dat prinzipiell an déi richteg Richtung. Et dierft een awer net déi Leit bestrofen, déi schonn an eng nohalteg Stroumproduktioun investéiert hunn. 

auto_stories

2 min

De Regulateur ILR, deen d’Ännerungen decidéiert huet um Méindeg dem 100,7 eng éischte Kéier Detailer dozou ginn. 

D’Benotze vum Reseau gëtt vum éischte Januar un dynamesch berechent. Fir de Client entstinn ënnerschiddlech Käschten, ofhängeg vun der Auerzäit a vun der Quantitéit u Stroum, déi den eenzele Stot verbraucht.

Fro, wéi eng Facteure mat afléissen

D'Joëlle Welfring wërft d‘Fro op, ob déi Ännerungen eleng um Verbrauch berouen, oder ob do nach aner Facteure mat afléissen, wéi zum Beispill eng Luetstatioun, déi een doheem hätt, oder eng Wärmepompel oder eng Photovoltaikanlag.

"D‘Idee ass natierlech, wat och ganz wichteg ass, datt dat Ganzt an Zukunft méi flexibel gestallt gëtt, datt dat och méi gerecht gëtt, datt net d‘Leit alleguer e Fixpräis bezuele wat elo d‘Netzkäschten ugeet, egal wéi vill si verbrauchen, an dat ass deemno och e ganz wichtege Schrëtt a Richtung Fairness.“

Lauschterenplay_arrow

Et misst een awer oppassen, datt een net déi Leit bestrooft, déi schonn ee "wichtege Schrëtt a Richtung nohalteg Energieversuergung" gemaach hunn, betount d‘Joëlle Welfring. 

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft
Nohaltegkeet