Radioen

On air

9 bis 1  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Sonndesaarbechtszäit: Gewerkschafte veriergert iwwer de Virstouss vum Aarbechtsminister

Verlängerung vun den Aarbechtszäiten

Sonndesaarbechtszäit: Gewerkschafte veriergert iwwer de Virstouss vum Aarbechtsminister

Den Aarbechtsminister Georges Mischo an d’Gewerkschaften - dat ass bis elo keng grouss Léift. Nach virum Weekend hat de Georges Mischo virun der Press matgedeelt, datt hie sonndes d‘Aarbechtszäiten an de Geschäfter verlängere wëll. D‘Gewerkschafte reagéiere veriergert op dee Virstouss vum Aarbechtsminister.

auto_stories

2 min

Et ass eréischt e puer Deeg hir, datt d’Gewerkschaften eng Reunioun aus Protest verlooss hunn, well den Aarbechtsminister do proposéiert hat, datt Kollektivverträg an Zukunft och ouni Gewerkschafte kéinten ausgehandelt ginn.

A just éier de Weekend e Freiden ugefaangen hat, huet de Georges Mischo der Press dunn och nach matgedeelt, datt hie wëlles huet sonndes méi laang Aarbechtszäiten an de Geschäfter ze erlaben. An och dat schmaacht de Gewerkschaften iwwerhaapt net, wei den David Angel vum OGBL am 100,7-Interview sot.

„Datt mer elo einfach iwwer Pressecommuniqué, mol net iwwer eng direkt Kommunikatioun un eis lo musse gewuer ginn, datt de Ministère elo do wëlles huet, einfach d'Gesetz ze änneren, mol net iergendeng Majoratioun unzepassen an iwwerhaapt keng Virdeeler, lo soen ech, fir d'Salariéssäit do op den Dësch ze leeën.“

Ausso vum David Angel lauschterenplay_arrow

Gewerkschafte virun ee fait accompli gestallt

Datt Sonndes méi laang soll geschafft ginn, ass fir d’Gewerkschafte keen absolutten No-Go. Dat ass nämlech och elo schonn a verschiddene Kollektivverträg esou virgesinn. Den OGBL an den LCGB steieren sech awer drun, datt den Aarbechtsminister si hei virun e fait accompli stellt.

Den LCGB-President Patrick Dury ass dofir der Meenung de Sozialdialog mam Minister géif net méi funktionéieren:

„Mir stelle fest, datt de Comité permanent du travail et de l'emploi effektiv guer net méi funktionéiert. Dat hu mer jo och leschten Dënschde misste feststellen.“

Ausso vum Patrick Dury lauschterenplay_arrow

De Patrick Dury wënscht, datt een een Neistart kritt. Et wier aktuell eng Situatioun, „déi net tragbar ass“.

Wéi et elo viru geet, gëtt een am Laf vum Dag gewuer: Den OGBL an den LCGB wäerten um Méindegmëtten driwwer beroden, wéi si elo op de Virstouss vum Aarbechtsminister wëlle reagéieren.

Aktualitéit
National
Politik a Gesellschaft