Radioen

On air

Trendscheif  |  Kendrick Lamar - peekaboo (feat. AzChike)

play_arrow Live
search

/ Giischtercher net prinzipiell dogéint, Gefaangenentransport ze iwwerhuelen

No Fuerderug vun SNGPL

Giischtercher net prinzipiell dogéint, Gefaangenentransport ze iwwerhuelen

D‘Giischtercher kéinten déi Aufgab vum Gefaangenentransport iwwerhuelen, wann d‘Konditiounen dofir do wieren. Dat erkläert hire President Samir Djennas als Reaktioun op eng entspriechend Fuerderung vun der Policegewerkschaft am 100,7 Interview.

auto_stories

2 min

Hie kéint d‘Fuerderung vum SNPGL absolutt novollzéien.

Si bräichten dann awer déi néideg Formatiounen a genuch Personal dofir. De Samir Djennas betount och, datt si, anescht wéi d‘Police keng Schosswaffen hunn. D‘Gesetzgebung misst dann och entspriechend ugepasst ginn, seet de Samir Djennas.

Et hätt ee sech och scho mam SNPGL doriwwer ausgetosch. Fir d‘Giischtercher wier et souguer eng flott Erweiderung vum Beruff. Dee wier, anescht wéi d‘Policekarriär, nach limitéiert. 

Interview mam Samir Djennas 

Lauschterenplay_arrow

Laurent Mosar: Méi op Videokonferenze setzen

Et wier net fir d‘éischt, datt déi Diskussioun opkënnt, seet de Laurent Mosar, President vun der Justizkommissioun an der Chamber, am 100,7-Interview. Zënterhier hätte sech awer zwou Saache geännert, seet hien. Éischtens wier den Effektiv vun der Police substantiell eropgesat ginn. Iwwerdeems géif et mëttlerweil och ganz aner Technologië ginn.

Sou kéinten Auditiounen zum Beispill iwwer Videokonferenz gemaach ginn. Eppes wat wärend der Pandemie scho gemaach gouf. Et misst ee méi dacks op dat Instrument zeréckgräifen, seet de Laurent Mosar. Eng Kritik un d‘Untersuchungsrichter:innen, déi och den SNPGL mécht.

Iwwerdeems wier de Personalmangel bei Giischtercher:inne nach bal méi grouss, wéi bei der Police, gëtt de Laurent Mosar ze bedenken. D‘Justizministerin wéilt den Effektiv och eropsetzen. Et misst een de Beruff vum Giischtje méi attraktiv gestalten.

Interview mam Laurent Mosar 

Lauschterenplay_arrow