Deen Defizit wier zum Deel mat engem Emploi ze erklären, deen net méi esou séier wiisst. D’Depensë géifen awer och all Joer tëschent 8 an 10 Prozent klammen. Bis 2028 kéint de cumuléierten Defizit bei enger Milliard leien. Et wier een amgaange mat de Sozialpartner an Aarbechtsgruppen no Léisungen ze sichen, fir eng Erhéijung vun de Cotisatiounen ze verhënneren, sot d’Martine Deprez.
Depensen, déi de Staat misst iwwerhuelen
Engersäits gëtt versicht ze kucken, wéi eng Depensen net iwwer d’CNS ofgewéckelt ginn, déi de Staat awer misst iwwerhuelen. Ënnert anerem ass dat de Fall fir de Congé pour raisons familiales oder och d’Prestatioune fir d’Maternité an de Reklassement, déi vun den zoustännege Ministère kéinte finanzéiert ginn.
Weider Piste sinn d’Iwwerschneidunge vun de Prestatiounen, oder och d’Verhandlunge mat de Prestatairen, erkläert de Marc Wagener, Direkter vun der Patronatsorganisatioun UEL.
"Wa mir soen, mir mussen evitéieren, dass mir muer nach vill méi nei Suen ausginn, datt mir éischter ofbremsen, et ass awer evident, wa mir ofbremsen, kritt iergendee manner séier Suen, wéi sech dat villäicht erwaart huet."
Gewerkschafte si géint Erhéijung vun de Cotisatiounen
D’Gewerkschafte si sech a ville Punkte mam Patronat eens, mee net a punkto Erhéijung vun de Cotisatiounen. Fir de Christophe Knebeler vum LCGB ass dat awer net d’Prioritéit.
"Déi éischt Mesure ass, dass de Staat u sech e ganzen Deel vum Passé muss berengegen am Budget. Dat ass dat éischt. Dono musse mir kucken, ob mir nach aner Mesurë kënne spille loossen, déi dann u sech zum Gräife kommen."
Nach éier een de Cotisatiounssaz eropsetzt, wier fir hien och nach ëmmer den Deplafonnement vun de Cotisatiounen eng Méiglechkeet. De Christophe Knebeler bedauert, datt net scho méi fréi reagéiert gëtt.