Him gëtt eng illegal Arees an den Aserbaidjan reprochéiert. Den Aserbaidjan hat d'lescht Woch no kuerzen awer heftegen Attacken tëschent Baku an Eriwan, déi laang ëmstridde Regioun Bergkarabach eruewert.
Iwwer 50.000 Flüchtlingen aus der Enklav si bis elo an Armenien ukomm. Dat deelt déi armenesch Regierung mat. D'EU huet Hëllef annoncéiert, an d‘UNO huet den Aserbaidjan opgeruff, d'Rechter vun den Armenier ze respektéieren.