arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséische Premier Lecornu wëllt Staatsbudget ouni Vott duerchsetzen

Frankräich

|
headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow

Franséische Premier Lecornu wëllt Staatsbudget ouni Vott duerchsetzen

De franséische Premier Sebastien Lecornu wäert um Dënschdeg vum Artikel 49,3 Gebrauch maache fir eng Partie vum Staatsbudget ouni Vott duerch d’Parlament ze bréngen. Dat obwuel hie versprach hat op dësen ëmstriddenen Artikel ze verzichten. D’Oppositioun huet schonn zwee Mësstrauensvotten ugekënnegt.

headphones

2 min

headphones

2 min

play_arrow
De Sébastien Lecornu an der Assemblée Générale | © EPA/TERESA SUAREZ
De Sébastien Lecornu an der Assemblée Générale (Foto: EPA/TERESA SUAREZ)

Am Hierscht bei sengem zweeten Amtsuntrëtt hat de Sebastien Lecornu sech bereet gewisen op den Artikel 49,3 ze verzichten. An de leschte Woche gouf awer ëmmer méi däitlech, datt et beim Budget wuel keng aner Méiglechkeet méi fir d’Regierung gëtt.

Hie géing et zwar e wéineg bereien, mee hie misst awer säi Versprieche briechen, sot de Premier, wéi hien annoncéiert huet, datt hien haut eng éischte Kéier den Artikel 49,3 benotze wäert. 

Oppositiounsparteie preparéiere Mësstrauensvott - Lecornu schwätzt vu Sabotage

De Budgetstext wier ee gudde Kompromëss, esou de Lecornu, dee weider Prezisiounen en Vue gestallt huet. Et soll zum Beispill keng Steiererhéijunge fir d’Bierger ginn an den Defizit soll op 5 Prozent vum PIB reduzéiert ginn.

Den Oppositiounsparteien La France Insoumise an dem Rassemblement National huet de Lecornu beim Budget Sabotage virgehäit.

Béid Parteien hate gëschter annoncéiert, datt si e Mësstrauensvott wäerten areechen. D’RN-Leaderin Marine Le Pen huet onverantwortlech Mesurë kritiséiert fir d’Sozialisten ze iwwerzeegen, awer op Käschte vum nationalen Interêt. D’Ekologiste wäerten d’Mësstrauensvotten ënnerstëtzen.

Sozialiste wäerten d'Regierung wuel am Amt halen

Et brauch allerdéngs nach d’Stëmme vun de Sozialisten an déi wäerten d’Regierung wuel am Amt halen.

De Sozialist Jérôme Guej sot gëschter um Méindeg, d’Regierung hätt sech kompromëssbereet gewisen an et hätt ee vill Fuerderungen am Budget duerchgesat kritt.

Deemno gesäit et esou aus, wéi wa Frankräich e Budget kritt an seng Regierung behält.

play_arrow Lauschteren