Den Abroch wier bis an de leschten Detail geplangt gewiescht. D‘Enquêteure géifen och Biller vun den Iwwerwaachungs-Kamerae vum Musée ënnersichen.
D‘Déif hunn aacht Bijoue vu fréiere Kinniginnen a Kaiserinne geklaut. De Wäert vun de Bijoue gouf nach net genannt, den Inneminister Laurent Nunez sot um Sonndeg, de Schued wier net ze bezuelen. De franséische President Emmanuel Macron huet op X versprach: D‘Täter géife fonnt a virun d‘Justiz bruecht ginn.