Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ Franséisch Neiwale mat héijer Walbedeelegung

Niddereg Abstentioun

Franséisch Neiwale mat héijer Walbedeelegung

Beim 1. Tour vun de Legislativwalen a Frankräich hu bis 17 Auer scho 6 vun 10 potentielle Wieler a Wielerinnen eng Stëmm ofginn. Déi lescht Walbüroe maachen um 20 Auer zou. Bis dohi leien och déi éischt Héichrechnunge vir.

auto_stories

3 min

Assemblée nationale | © picture alliance / | Daniel Kalker
Foto: picture alliance / | Daniel Kalker

Mat wéi enger parlamentarescher Majoritéit muss de geschwächte Staatspresident Emmanuel Macron déi nächst Méint zesumme schaffen? Déi Fro mobiliséiert d'Wieler a Wielerinnen esou massiv wéi net méi zënter iwwer 25 Joer. D'Sondageinstitute soe viraus, datt ronn zwee Drëttel vum Elektorat bis 20 Auer vun hirem Walrecht profitéieren. Dat wiere ronn 20 Prozentpunkte méi wéi bei de leschte Parlamentswale virun zwee Joer, an änlech vill wéi 1997. Zënterdeem ass d'Abstentioun vu Wal zu Wal geklommen.

Niddereg Abstentioun mat Impakt op 1. Waltour

Eng niddereg Abstentioun kann dozou féieren, datt eng Partie Deputéiert schonn den Owend nom 1. Waltour feststinn. Fir direkt am 1. Tour gewielt ze ginn, brauch ee 50 Prozent vun de Stëmmen a 25 Prozent vum potentiellen Elektorat. 2022, wéi mol net d'Hallschent vun de potentielle Wieler:inne wiele gaange sinn, stoungen nom éischte Waltour just 5 vu 577 Deputéiert fest. 2007 stoungen um éischte Walowend schonn 110 Deputéiert fest. 

Decisiven Tour de 7. Juli

Déi definitiv Kompositioun vun der Assemblée Nationale zu Paräis gëtt réischt am zweeten an decisive Waltour haut an enger Woch bestëmmt. An deene Circonscriptiounen, an deenen et den Owend nach keng Kloerheet gëtt, wäerte sech am 2. Tour zwee oder méi Kandidat:inne an enger Stéchwal géintiwwer stoen. An den zweeten Tour kommen all d'Kandidaten a Kandidatinnen, déi am 1. Tour op d'Mannst vun 12,5 Prozent vun all de méigleche Wieler:innen eng Stëmm kruten. 

Ëmfroe virum 1. Waltour hunn dem rietsextreme Rassemblement National eng kloer Victoire virausgesot, mat bis zu 36 Prozent vun de Stëmmen. Op der Gauche kéint den Nouveau Front Populaire op 29 Prozent vun de Stëmme kommen, esou déi lescht Ëmfroen. De Camp vum President Emmanuel Macron louch an de leschten Ëmfroe bei just ronn 20 Prozent.

Angscht virun Onrouen

Uechter Frankräich hunn dëse Weekend eng Partie Geschäfter hir Fënstere mat Panneauen aus Holz geschützt well se fäerten, datt d'Walresultater zu Onroue féieren. Le Figaro mellt, datt d'Sécherheetsautoritéiten a verschiddene Stied a Bereetschaft sinn, dorënner och zu Nanzeg. 

Och zu Lëtzebuerg gëtt gewielt

Franzousen am Ausland kënnen och wielen. Zu Lëtzebuerg sinn eng 30.000 Franzousen opgeruff en Deputéierten oder eng Deputéiert fir d'Benelux-Länner ze designéieren. Virun zwee Joer war dat Mandat un de Pieyre-Alexandre Anglade vun der Regierungspartei Renaissance gaangen. Hie kandidéiert och des Kéier, nieft 8 anere Kandidaten a Kandidatinnen. 

Neiwale wéinst Resultater bei Europawalen

Den Emmanuel Macron hat no der Defaite vu sengem Camp bei den Europawale vum 9. Juni kuerzfristeg Neiwalen ausgeruff. Der Verfassung no dierf de President d'Assemblée déi nächst 12 Méint net méi opléisen. Den Emmanuel Macron ass bis 2027 als President gewielt a ka sou laang am Amt bleiwen. Mat wéi enger Majoritéit hien am Parlament zesumme schaffe muss, dat ass d'Fro, déi bei dëse Wale gekläert gëtt.