Radioen

On air

Moiesstudio  |  Fana Hues - Rental

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich: Neie Gesetzesplang fir Stierfhëllef gëtt virgestallt

Stierfhëllef a palliativ Soinen

Frankräich: Neie Gesetzesplang fir Stierfhëllef gëtt virgestallt

A Frankräich gëtt haut en Plang fir en neit Gesetz iwwer d‘Begleedung vu Kranken um Enn vun hirem Liewen am Regierungsrot virgestallt. Den Text huet zwee Haaptpilieren: Stierfhëllef an déi palliativ Soinen.

auto_stories

1 min

Foto: Bigstock

D‘Termen Euthanasie an assistéierte Suicide goufe bewosst aus dem Text eraus gelooss, de President Macron wëll esou wäit et geet Oneenegkeeten evitéieren, wann den Text am Mee an d‘Parlament kënnt.

D‘Stierfhëllef soll u strikt Konditioune gebonne ginn. Et gesäit vir, datt d‘Patiente selwer kënnen de sougenannte „geste létal“ maachen, ausser wa se physesch net an der Lag sinn.