arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Frankräich: Alerte Orange wéinst Canicule

Bis zu 40 Grad am Süde vum Land

|
reading time

1 min

Frankräich: Alerte Orange wéinst Canicule

A Frankräich ginn déi nächst Deeg waarm Temperaturen erwaart. An 39 Departementer gëllt fir haut déi zweethéchst Alerte Orange wéinst Canicule.

reading time

1 min

© Unsplash / Eelco Böhtlingk
(Foto: Unsplash / Eelco Böhtlingk)

Betraff ass virun allem de Süde vum Land. An der Regioun vun Toulouse kéinten d'Temperature méi wéi 40 Grad erreechen, esou Météo-France. Zu Paräis, wou déi meescht olympesch Kompetitioune sinn, gi muer 35 Grad erwaart.