De Generalsekretär vun der Horesca huet drun erënnert, datt wärend der Pandemie vill Mataarbechter sech anescht orientéiert hätten. Just 10 bis 15 Prozent vun hinne wären duerno zeréck komm. Dofir hätt de Secteur seng Paie missen eropsetzen, fir nees attraktiv ze ginn.
"Fréier huet de Patron dem Salarié gesot, wat e bereet wier ze bezuelen. Haut seet de Salarié dem Patron, wat e gär verdénge wëll. Et ass kee Geheimnis: Jo, eis Paie sinn enorm geklommen. Och hors indexation kann ee soen, datt se awer am Schnëtt ëm 8 Prozent geklomme sinn. Mir wäerte, wa mir 2022 mat 2019 vergläichen, haut e gutt 25 Prozent méi héije Käschtepunkt hu wat d’Personal ubelaangt."
Hotellerie: Aktivitéit huet sech erholl
An der Restauratioun wieren d’Margen, déi virun der Pandemie bei 15 bis 18 Prozent louchen, op elo 3 bis 5 Prozent gefall. De STATEC hätt zwar recht wann e seet, d’Leit géifen elo nees grad esou vill Geld am Restaurant ausgi wéi viru Corona. Mee dat Geld wier net méi d’selwecht vill wäert, well d’Käschte fir d’Betriber (ob fir Personal, Energie oder Wuer) awer staark eropgaange sinn.
Een änleche Constat géif fir d’Hotellerie gëllen: ënnert dem Stréch bleift manner Rescht, mee d’Aktivitéit huet sech erholl.
"D'Hotelle si besser beluecht. Mir sinn awer nach net grad um Niveau vun 2019, mir leien nach e puer Prozentpunkten ënnert dem Taux d’occupation vun deemools. Wa mir d’Jores-Occupatioun kucken. Et variéiert natierlech vu Mount zu Mount. Mee et muss ee ganz kloer soen, datt och do d’Käschten eis fortlafen, an datt - suguer wa mir haut erëm um Niveau vun 2019 wären – mir awer net méi déi Margen erafueren, déi mer virdrun haten."