Sportler wieren e Virbild fir déi Jonk an dofir missten si sech och esou behuelen.
Sportlech Kompetenzen a mënschlecht Behuelen dierften net getrennt ginn.
Geriichtsstrofe gi minimaliséiert a banaliséiert
An déi sportlech Kompetenzen iwwert esou condamnabel a condamnéiert Akte stellen, dat géif Geriichtsstrofen minimiséieren a banaliséieren.
Den nationale Fraerot mécht en Appell un d‘Sportfederatiounen, fir datt bei hire Selektiouns-Krittäre Mënscherechter an de Kampf géint all Zort vu Gewalt missten eng Roll spillen.