search

/ Fondation IDEA gesäit vill Verbesserungspotential bei aktuelle Pläng

Pensiounsreform

|
headphones

2 min

Fondation IDEA gesäit vill Verbesserungspotential bei aktuelle Pläng

D'Denkfabrik, déi un d'Chambre de commerce, rattachéiert ass, huet dofir eng ganz Partie Amendementer um aktuelle Projet vun der Regierung proposéiert. Déi kéinten hëllefen de Pensiounssystem bis 2030 méi nohalteg ze entwéckelen, esou d'Representanten,

headphones

2 min

© Adobe Stock
(Foto: Adobe Stock)

D'Fondatioun IDEA proposéiert am Ganzen 12 Ännerungen um aktuelle Projet vun der Pensiounsreform.

Erhéijung vu Mindestpensioun ass eng Propos

Si fuerdert ënner anerem besser Sozialhëllefen an eng Erhéijung vun der Mindestpensioun ëm 5 Prozent bis 2030, esou de Muriel Bouchet, ekonomeschen Expert vun IDEA. 

"L'avantage d'avoir cela, c'est qu'on a, si vous voulez un portefeuille qui permet, qui permet d'abord à certains pensionnés de mener, de se rapprocher du budget calculé par le Statec qui est nécessaire au Luxembourg à une personne âgée pour avoir une vie décente. Ça permettrait aussi, parce que la pension minimum profite largement à raison de près de 80 pour cent aux femmes, ça permet de limiter un peu ce qu'on appelle le gender gap." 

D'Ännerungen, déi IDEA proposéiert, géifen de Pensiounssystem allerdéngs och net laangfristeg ofsécheren, gëtt hiren Direkter Vincent Hein zou.

Spéitstens 2030 misst méi grouss reforméiert ginn 

D'Reserve vun der Pensiounskeess géife mat den Ännerungen awer manner séier eidel gi wéi mam aktuelle Projet. Dee géif en eventuellen Defizit vun der Pensiounskeess just ëm e puer Joer no hanne réckelen, erkläert de Muriel Bouchet. 

Spéitstens ëm 2030 wier dann eng méi grouss Pensiounsreform néideg.

"D'ici 2030 vous auriez une amélioration, mais principalement grâce aux cotisations, à la hausse des cotisations sociales. Les trois quarts des efforts qui sont faits durant cette période, ben en fait, c'est l'effort en termes de cotisations. Donc il n'y a pas un effort quand même très important, en termes de prestations, ce qu'on peut quand même regretter. Ce qui explique aussi certains de nos amendements qui renforcent un peu l'effort du point de vue des prestations, y compris les prestations des pensions existantes." 

D'Fondatioun IDEA huet dann och drop higewisen, datt een an dësem Dossier keng Zäit dierft verléieren.

D’Chamber misst sech vun elo u scho mat enger grousser Reform auserneesetzen, déi de Pensiounssystem laangfristeg ofséchert.