Ëmfroen hätten erginn, datt eng Majoritéit vun de Studenten net fir eng méi laang Liewensschaffzäit ass, déi eleng op Käschte vun de jonke Generatioune geet.
D'Argument vun der méi laanger Liewensdauer léisst d‘ACEL net gëllen. Dat géif net op jiddereen zoutrëffen. Weider wier net sécher ob d‘Erhéijung vun der Cotisatiounszäit ëm dräi Joer duergeet an an de nächste 15 Joer dann eng weider Erhéijung fälleg wier.
D‘ACEL kritiséiert dann och, datt bis elo net all Resultater aus den Experteronnen an den aktuelle Virschléi erëmzefanne wieren.