arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ CSL: Gesetzesprojet Pensiounen huet dräi positiv Punkten - soss vill Kritik

Pensiounen

|
headphones

1 min

CSL: Gesetzesprojet Pensiounen huet dräi positiv Punkten - soss vill Kritik

D'Chambre des Salariés äussert vill Kritik zum Gesetzesprojet fir d'Pensiounsreform. Dorënner och déi geplangte Verlängerung vun de Cotisatiounsjoren.

headphones

1 min

Radio 100,7 | © Radio 100,7
Site vun der CSL (Foto: Radio 100,7)

D'CSL begréisst an hirem Avis déi geplangten Hausse vun de Cotisatiounen. Och d'Flexibiliséierung vun de Studiejoren an d'Bäibehale vun der Allocation de fin d'année wiere positiv Punkten am Gesetzesprojet zu der Pensiousreform. 

Geet d'Reform ze wäit? 

All aner Elementer vun der proposéierter Reform leent d'CSL an hirer aktueller Form of. Besipillsweis wier déi geplangte Verlängerung vun de Cotisatiounsjoren ee geféierleche Prezedenzfall, deen zu enger Verschlechterung vum Pensiounssystem féiere kéint. 

Déi "sozial Käschte" vun der Mesür wiere vill méi héich wéi de finanzielle Sputt, dee soll generéiert ginn. 

D‘Chambre de Salariés weist sech och ganz enttäuscht iwwer den Oflaf vum Consultatiounsprozess zur Pensiounsreform. Hei wier dee bewäerten Tripartite-Modell duerch eng Approche ersat ginn, déi keen equilibréierte Sozial-Dialog méi géif respektéieren.