Radioen

On air

9 bis 1  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Fir de Mount Januar: Kuerzaarbecht bei 84 Betriber

Konjunkturcomité

Fir de Mount Januar: Kuerzaarbecht bei 84 Betriber

De Konjunkturcomité huet fir de Mount Januar d‘Kuerzaarbecht a 84 Betriber accordéiert. Am Ganze sinn 8.045 Leit dovu betraff, déi da vum nächste Joer un am Chômage partiel sinn.

auto_stories

1 min

Vun deene 84 Betriber, hunn der 66 konjunkturell Probleemer, 9 hu strukturell Schwieregkeeten, präziséiert de Wirtschaftsministère.

Am Ganzen haten 116 Betriber eng Demande gemaach fir am Januar kënne kuerz ze schaffen, dat waren der 10 méi, wéi fir Dezember.