Radioen

On air

Notturno  |  No Metal In This Battle - Black Lips

play_arrow Live
arrow_back_ios

Noriichten

Noriichten

/ Gewerkschafte weise sech besuergt

Luxcargo Handling a Goldair Handling

Gewerkschafte weise sech besuergt

Et kënnt zu Ännerungen am Cargo-Handling um Findel. Wéi déi nei Mobilitéitsministesch Yuriko Backes gëschter Owend matgedeelt huet, ginn zwou Handling-Lizenzen un d‘Firme Luxcargo Handling S.A. - eng Filial vun der Cargolux - an un déi griichesch Goldair Handling S.A. erdeelt.

auto_stories

2 min

© picture alliance / Markus Mainka | Markus Mainka
(Foto: picture alliance / Markus Mainka | Markus Mainka)

Dëst wier ee Virschlag vum Flughafe-Bedreiwer Lux-Airport gewiescht, sou d‘Yuriko Backes am 100,7 Interview.

"Hei si mir am Kader vun enger procédure ouverte européenne. Lux-Airport ass d'entité gestionnaire. Si hunn d'Kandidaturen analyséiert, a mir recommandéiert, deenen zwou Gesellschaften d'Lizenz auszestellen."

Domat ass elo offiziell, datt d‘Luxair kee Cargo-Handling méi um Findel mécht. Déi Aktivitéite wäerte vun der Cargolux Duechter Luxcargo Handling iwwerholl ginn.

Wat d‘Personal betrëfft haten d‘Luxair an d‘Cargolux schonn ofgemaach, datt déi iwwer 1.000 betraffe Luxair-Mataarbechter bei déi nei Cargolux-Filial wiesselen. Deen Transfert soll d‘nächst Joer tëscht Mäerz a Juli geschéien, esou eng intern Notte vu Luxair, déi eis virläit.

De Luxair Direkter Gilles Feith sot gëschter op eis Nofro hin: Elo wou d‘Lizenzen attribuéiert sinn, géif d‘Luxair kucken, d‘Transitioun ze organiséieren, fir datt de Cargo Handling ouni Ënnerbriechung um Findel ka weider geféiert ginn.

Kritik vun de Gewerkschaften

Virun eppes méi wéi engem Mount haten d’Mataarbechter vu Luxair-Cargo e Protest-Piquet um Findel organiséiert. Si soten deemools, si hätten Angscht ëm hir Aarbechtsplazen.

Déi dräi Gewerkschaften LCGB, OGBL an ngl-snep weise sech an engem Communiqué de Moie weider besuergt iwwer d‘Zukunft vun de Luxair-Cargo Mataarbechter, a si äusser Kritik un der Mobilitéitsministerin Yuriko Backes. Hir Aart a Weis ze handele wier inakzeptabel, an d‘Situatioun vun den 1.200 Luxair-Salariéë vum Cargozenter wier net ze erdroen, well si net wësse géifen, wéi et weider geet mat hirer Aarbechtsplaz, hire sozialen Acquisen an hiren Aarbechtskonditiounen, sou de Syndikater hiert Schreiwes.

Si kritiséieren och, datt si eng urgent Entrevue mat der Yuriko Backes ugefrot hunn, mee nach kee Rendezvous kritt hätten. Wa net séier Léisunge fonnt géifen, wier ee gréissere Konflikt bei der Luxair am Cargozenter inevitabel, sou d‘Gewerkschaften