Op verschiddene Plazen hätt déi iewescht Asphaltschicht sech geléist, déi réischt 2021 an 2022 opgedroe gi war, preziséiert d'Yuriko Backes, nodeems déi extern technesch Analys gréisstendeels ofgeschloss ass.
Zënter dem Optriede vun de Mängel géif lux-Airport méi Inspektioune vun der Pist maachen. D’Sécherheet vum Fluchverkéier hätt déi héchste Prioritéit, ënnersträicht d'Ministerin. Soubal d’Sécherheet besonnesch vun de Passagéier a Fro gestallt wier, géif d’Pist zougemaach ginn.
Den Experten no géifen et op verschidde Plaze Problemer ginn. An eenzelne Beräicher hätt sech an der Vergaangenheet déi iewescht Schicht geléist vun deenen Asphaltcouchen, déi drënner leien. An dat wiere Schied, déi an Zesummenhang stéinge mat den Aarbechte vun 2021. Op déi Firmaen elo schlecht geschafft hätten, dat missten Drëtter feststellen.
Konsequenzen nach onkloer
Den Zoustand vun der Pist hätt bis elo keng Auswierkungen op de Status als NATO-Fluchhafen, schreift d'Yuriko Backes weider an hirer Äntwert.
De Fluchhafebedreiwer Lux-airport hat virun engem Mount scho matgedeelt, all Méiglechkeeten ze préiwen, dorënner och eng Klo. Zil wier et dem Fluchhafe seng laangfristeg operationell Zouverlässegkeet ze garantéieren.
D'Aarbechte goufen am Optrag vu lux-Airport realiséiert. Wien elo fir déi Schied misst opkommen, respektiv wéi et weider geet, gëtt an der Äntwert vun der Mobilitéitsministerin net preziséiert. D'Erneierung vum Tarmac huet eng 150 Milliounen Euro kascht.
Konsortium huet d'Pist sanéiert
D'Landepist um Findel war virun e puer Joer komplett sanéiert ginn. Den Zouschlag fir d'Aarbechte krut e Konsortium tëscht lëtzebuergeschen, belschen a franséischen Entreprisen: Colas Projects SAS, Felix Giorgetti SàRL, C. Karp-Kneip Constructions SA, Colas Belgium SA, Colas France und JDC Airports SA. Si goufen deemools vu Lux-Airport fir hir Erfarung am Bau vu Flughafe gelueft.
D'Aarbechten hu missten all Kéiers an der Nuecht gemaach ginn. Am Dag huet d'Pist missten operationell sinn. E komplexe Chantier, haten d'Firmae bei enger Pressevisitt deemools preziséiert.