Wéi déi aner Gewerkschaften och huet d’CGFP gëschter op hirer Conférence des comités net u Kritik un der Regierung gespuert. Dobäi ass et awer net, wéi wann d’Regierung näischt fir d’Staatsbeamte gemaach hätt. Stéchwuert Gehälteraccord oder Matabezéien an d’Diskussioune ronderëm d’Steierreform.
Dat weess och de CGFP-President Romain Wolff. Fir hien iwwerweit, wat d’Regierungsaarbecht ugeet, awer kloer dat Negatiivt. Bei de Pensioune wier "munches net esou gelaf, wéi et hätt sollen".
Sozialdialog wier eeben net een ze ruffen, nozelauschteren, an dann awer dat ze maachen, wat ee vun Ufank u wëlles hat.
"Firwat muss dat elo gemaach ginn?"
Am 100,7-Interview betount de Romain Wolff och nach eng Kéier seng Angscht virun der schläichender Privatiséierung, grad am Gesondheetssecteur.
Déi lescht Dossiere betreffen déi nei Etablissement-publice fir d’Medikamentenagence a fir d’Centrale d’achat et de logististique, déi ee privatrechtleche Statut kruten. Aus deem Grond huet d’CGFP ee Recours dogéint agereecht.
"Firwat muss dat elo gemaach ginn?", freet sech de President vun der Staatsbeamtegewerkschaft.
D’Argument, datt et Etablissementer sinn, déi héichspezialiséiert Personal brauchen, léist hien net gëllen. Schliisslech muss een als Staatsbeamten ee Lëtzebuerger Pass a Sproochkenntnisser am Lëtzebuergesche virweisen.
"Mir sinn dogéint a mir wëllen, datt dee Projet zeréckgezu gëtt."
Steierreform ouni Verschlechterungen
Beim Theema Steierreform hätt ee grouss Erwaardungen, esou de Romain Wolff. An Zukunft soll et jo just eng eenzeg Steierklass ginn, an déi meescht Leit wäerte vun den Ännerunge profitéieren.
Wichteg fir d’CGFP ass deemno, datt keng Verschlechterunge fir d’Leit kommen dierfen. Hien ass awer och selbstbewosst, datt dat net geschéie wäert, schliisslech hätt de Minister dat jo och esou annoncéiert.
Dem Finanzminister vertrauen
D’Fro ass awer: Kann de Staat sech dat leeschten? Et wier ee sech bewosst, datt dës Reform vill Sue kaschte géing, seet de Romain Wolff. Och hir Revendicatioun, datt d’Steiertabell un d’Inflatioun ugepasst soll ginn, verschléngt vill Suen.
Och hei vertraut de Romain Wolff dem Gilles Roth. Hie geet dovun aus, datt de Finanzminister weess, wéi hien dat alles finanzéiere kann.