Radioen

On air

9 bis 1  |  Maz - Kiss Kiss Boom

play_arrow Live
search

/ Ex-Bundeswehroffizéier wéinst Spionage verurteelt ginn

Däitschland

Ex-Bundeswehroffizéier wéinst Spionage verurteelt ginn

Een Ex-Offizéier vun der däitscher Bundeswehr gouf haut zu enger Prisongsstrof vun 3 an een halleft Joer zu Düsseldorf condamnéiert. Him gouf virgeworf, ee Spioun fir Russland gewiescht ze sinn.

auto_stories

1 min

Bundeswehr | © Tobias Nordhausen / Flickr
Bundeswehr (Foto: Tobias Nordhausen / Flickr)

De 54 Joer alen Ex-Offizéier hat déi Spionage-Aktivitéiten zouginn.

Hien hätt selwer d‘Initiativ ergraff, de Russe geheim Informatiounen iwwer militäresch Dossieren ze liwweren.

Am Prozess hat den Ugekloten erkläert, hien hätt déi Informatioune geliwwert fir ze verhënneren, datt et am Kontext vum Ukrainkrich zu enger atomarer Eskalatioun kënnt.