search

/ Eventuell Visitt zu Moskau: EKR-Fraktiounschef dreet dem Fernand Kartheiser mam Ausschloss

ADR-Europadeputéierten

|
headphones

1 min

Eventuell Visitt zu Moskau: EKR-Fraktiounschef dreet dem Fernand Kartheiser mam Ausschloss

No der Annonce vum ADR-Europadeputéierte Fernand Kartheiser e Sonndeg op Moskau ze fueren, fir eng Reunioun mat Politiker aus dem russesche Parlament, huet de Chef vun der Fraktioun vun den Europäesche Konservativen a Reformer domat gedreet, de Lëtzebuerg aus der Fraktioun ze werfen.

headphones

1 min

"Wann hie fiert, maachen ech d’Demande, datt hien ausgeschloss gëtt," sot de Patryk Jaki dem Lëtzebuerger Wort.

De Fernand Kartheiser hat op X annoncéiert, datt hie vu russesche Politiker invitéiert gouf, an och d’Intentioun hat, déi Invitatioun unzehuelen.