Konsumenteschützer halen allerdéngs wéineg vum geplangte Verbuet – kee géif versehentlech Tofuwurschte kafen, well e mengt et wiere Fleeschwurschten, esou d‘Organisatioun "foodwatch". Déi schwätzt vu "Lobbyismus am Déngscht vun der Fleeschindustrie".
D‘Stëmme fir de Verbuet koume virun allem vu Fraktiounen um rietse Bord. Vun de sechs Lëtzebuerger Europadeputéiert war keen dofir. Déi vun CSV, LSAP an Déi Gréng hunn dergéint gestëmmt, während sech de Charel Goerens vun der DP an de Fernand Kartheiser vun der ADR enthalen hunn.
Parlament muss elo mat Memberlänner verhandelen
Ier de Verbuet a Kraaft triede kann, muss d‘EU-Parlament sech mat de Memberstaaten eens ginn. Ob do eng Majoritéit dofir ass, ass onkloer.
D'Europäesch Kommissioun hat am Summer eng Propose gemaach, déi manner wäit goung.