Zënter 2013 dierf an der EU de Begrëff "Mëllech" net fir eppes gebraucht ginn, wat net vun engem Déier staamt. Dat huet sech vläicht am Alldag, wou déi meescht weider vun Huewer- oder Sojamëllech schwätzen, net esou duerchgesat, mee ass gesetzlech esou festgeluecht.
Martine Hansen: Fleesch wéi Mëllech behandelen
Wat fir Mëllechprodukter gëllt, soll och fir vegetaresche Fleeschersatz ageféiert ginn. Dofir setze sech verschidden europäesch Länner an. Eent dovun ass neierdéngs och Lëtzebuerg, wéi d'Agrarministerin Martine Hansen am Juni op enger Reunioun mat hiren EU-Kolleege kloergestallt huet.
"Informer les consommateurs clairement sur ce qu'ils mangent est essentiel. Comme c'est déjà le cas pour les produits laitiers, je demande donc à la Commission européenne de légiférer pour clarifier l'étiquetage de ces produits en utilisant des définitions claires et précises."
Den 23. Juni haten 12 EU-Memberstaaten, dorënner Éisträich, Frankräich, Italien a Lëtzebuerg, d'Kommissioun gefrot, Nimm vu Liewensmëttel, déi vun Déiere stamen, gesetzlech ze schützen: Genee esou wéi d'EU dat fir Mëllechproduite gemaach huet, esou den Agrarkommissär Christophe Hansen an enger éischter virsiichteger Äntwert.
"Do muss eng zolidd Analys gemaach gi fir ze garantéieren, datt all méiglech Impakter richteg iwwerpréift sinn."
EU-Kommissioun wëllt 29 Nimm exklusiv fir Fleesch reservéieren
E Mount duerno awer gesäit d'Kommissioun dat och ganz ouni Impaktanalys ganz anescht.
D'Propos goung an der allgemenger Opreegung iwwer de gekierzten Agrarbudget e bëssen ënner. Mee si huet et a sech: Op d'mannst gesäit dat de Veggie-Secteur esou. De Rafael Pinto ass vun der EVU, der Europäescher Vegetarescher Unioun.
"D’Kommissioun proposéiert eng Lëscht vun 29 Wierder, déi solle fir planzebaséiert Produite verbuede ginn."
Deemno dierften Nimm wéi Poulet, Rand oder Schwäin net méi op Päck vu vegetareschem oder vegane Fleeschersatz benotzt ginn.
Veggie-Secteur: Propos géif fir méi Konfusioun bei Konsumente suergen
Dat wier fir de Secteur ee Problem, esou de Rafael Pinto.
"Bezeechnunge wéi planzebaséierte Poulet, Schwéngs- oder Rëndfleesch wieren da verbueden. Dat mécht eis Suergen, well si maachen et méi kloer fir de Konsument, wéi de Produit schmaacht, wéi en an der Kiche kann agesat ginn, wéi eng traditionell Moolzechten een domat kache kann."
Et geet net drëm, Leit dovun ofzebréngen, sech planzlech ze ernären, erkläert schrëftlech dem Christophe Hansen säi Bureau op eis Demande.
Zil wier et villméi, kulturell Traditiounen, genee wéi eng fair Praxis um Marché, ze respektéieren. Ganz uewe stéing de Konsumenteschutz: Duerch méi Transparenz a méi kloer Informatioune soll evitéiert ginn, datt Consommateuren duerchernee gemaach ginn.
Déi sinn awer guer net duercherneen, heescht et dozou aus dem Veggie-Secteur. Dat géifen Donnéeën aus enger Partie EU-Länner beleeën, esou de Rafael Pinto.
"An der EU sinn traditionell Produiten oder Nimm duerch verschidde Mesurë geschützt. Eis si keng Fäll bekannt vu Konsumenten, déi sech beklot hunn. Mir wësse vu kenge Plaintë viru Geriicht."
EU-Parlament wëllt méi wäit goen
Trotzdeem gëtt et am Europaparlament Bestriewungen, déi wëllen nach méi wäit goe wéi d'Kommissioun.
Där Propos no sollten och Nimm wéi Zoossiss, Wurscht, Burger oder Steak fir vegetaresch Produite verbuede ginn. Dat hätt nach vill méi schro Auswierkunge fir de Secteur, seet d'Corina Pasol vun der Europäescher Associatioun vu planzebaséierte Liewensmëttelen.
"Terme wéi Burger oder Wurscht beschreiwe Forme vu Liewensmëttel. Esou eng erweidert Lëscht mécht eis deemno Suergen, well dat de Secteur an eng ganz ongewëss Positioun versetzt."
Konsequenze fir Veggie-Secteur
Nei Nimm ze erfannen, Marketing-Campagnen ze entwéckelen: Do géife vill Ressourcen drop goen, esou d'Angscht vun de Produzenten op deem Marché, dee bis elo just 1 Prozent vum ganze Fleeschmarché ausmécht, deen awer an de leschte Jore konstant gewuess ass.
D'Nofro wiisst: Doriwwer freet sech de Rafael Pinto, deen och op eng Etüd vum Europäesche Konsumenteschutzbüro verweist. Deemno hätt déi grouss Majoritéit vun de Consommateure kee Problem domat, wa Fleeschnimm op de Planzeproduite stinn, esou laang kloer um Pak steet, wat dran ass.
Bleift d'Fro, firwat d'Kommissioun grad elo déi Propos mécht.
2020 hat EU-Parlament géint "Burger"-Verbuet gestëmmt
Si kënnt domat enger laangjäreger Demande vun der Fleeschindustrie an engem Deel vun de Baueren no. Wat fir Mëllech stëmmt, muss och fir Fleesch wouer ginn, esou zum Beispill eng Campagne vun der Baueren-Organisatioun Farm for Europe, déi sech zënter Jore fir e Verbuet vu Fleesch-Denominatioune fir Veggie-Produiten asetzt.
Dat lescht Wuert ass hei nach net geschwat: D'Propose musse vun de Memberlänner an dem Parlament guttgeheescht ginn.
D'Diskussioun ass also nees lancéiert. 2020 hat am Europaparlament eng Majoritéit dogéint gestëmmt, de Begrëff "Burger" fir planzebaséiert Produiten ze verbidden.