De Verlag fir den Essentiel ass Edita - eng Joint Venture tëschent dem Lëtzebuerger Verlag Edit Press an dem Schwäizer TX Group. TX Group ass och den zoustännege Verlag fir d’Schwäizer Zeitung 20 Minuten. All Dag gi ronn 70.000 Exemplaire vum Essentiel geprint. Déi wieren, esou den Emmanuel Fleig, weiderhi finanziell drobar duerch Publizitéitsrecetten a staatlech Hëllefen.
"Nous dégageons, toute activité confondue, un bénéfice avant impôt de 2,5 millions.”
Deemno géifen d'Recetten d'Depensen gutt couvréieren, esou den Emmanuel Fleig.