Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  

play_arrow Live
search

/ EU: Fangerofdréck op Carte d’identité kompatibel mat den europäesche Grondrechter

Europäesche Geriichtshaff

EU: Fangerofdréck op Carte d’identité kompatibel mat den europäesche Grondrechter

Datt een obligatoresch seng Fangerofdréck muss ofgi fir an der EU eng Carte d’identité ze kréien ass kompatibel mat den europäesche Grondrechter. Dat huet den Europäesche Geriichtshaff um Kierchbierg decidéiert. Trotzdeem krut d’Europäesch Unioun vum EUGH och e puer Hausaufgabe mat op de Wee.

auto_stories

2 min

headphones

2 min

© picture alliance / Bildagentur-online/Ohde | Bildagentur-online/Ohde play_arrow
(Foto: picture alliance / Bildagentur-online/Ohde | Bildagentur-online/Ohde)

Déi zoustänneg Instanze vun der EU mussen elo bannent den nächste knapp zwee Joer een neit Reglement ausschaffe wat d’Ofgi vu Fangerofdréck reegelt. Den Text deen elo nach bis Enn 2026 gülteg ass, géif op enger falscher juristescher Grondlag baséieren, sou de Geriichtshaff.

Dat ännert awer näischt drun, datt déi Fangerofdréck däerfen ofgespäichert ginn. D’Privatliewen an déi perséinlech Donnéeë wiere gutt genuch geschützt, heescht et am d’Urteel.

Klo vun engem däitsche Bierger

Een däitsche Bierger hat virun engem Geriicht zu Wiesbaden geklot, well hien ouni seng Fangerofdréck ofzeginn, keng nei Carte d’identité kritt hätt. “Wann ech meng Fangerofdréck muss ofgi fillen ech mech wéi ee Verbriecher” zitéiert d’Tagesschau.de de Mann.

D’Geriicht huet d’Fro ob dat rechtens ass un den Europäesche Geriichtshaff weiderginn, wat also sollt klären op d’Späicherung am Aklang mat de Grondrechter op de Schutz vu Privatsphär a vu perséinlechen Donnéeën ass.

Aschränkung vu Grondrechter wier gerechtfäerdegt

Den EUGH huet argumentéiert, et géifen domat zwar déi genannte Grondrechter schonn ageschränkt ginn allerdéngs wier dat gerechtfäerdegt well et hei géif drëm goen, datt Carte-d’identitéen net gefälscht solle ginn, an datt d’EU-Bierger hirt Recht sech iwwerall an der EU ze deplacéieren esou besser kéinten notzen.

2019 haten d’EU-Negociateuren sech drop gëeenegt, datt Fangerofdréck sollte Flicht gi beim Ausstelle vun enger neier Carte d’identité an engem EU-Land. Deemools hunn ënner anerem Datzeschutz-Associatioune kritiséiert, datt d‘Späichere vu Fangerofdréck onverhältnesméisseg wier.

Lauschterenplay_arrow