Radioen

On air

Mëttesrascht  |  Noriichten

play_arrow Live
arrow_back_ios

100komma7.lu

100komma7.lu

/ EU-Länner: Penurie suergt fir ëmmer méi Konkurrenz um Aarbechtsmaart

Gesondheetspolitik

EU-Länner: Penurie suergt fir ëmmer méi Konkurrenz um Aarbechtsmaart

Bal all EU-Land klot iwwer Personalmanktem am Gesondheetssecteur. D'Europäesch Unioun soll eng Koordinatiounsroll iwwerhuelen, sou d'Fuerderung am Europaparlament.

auto_stories

4 min

headphones

6 min

© picture alliance/dpa | Rolf Vennenbernd play_arrow
(Foto: picture alliance/dpa | Rolf Vennenbernd)

Den Dennis Radke vun der däitscher CDU huet an enger Debatt am Europaparlament virun zwou Wochen de Problem esou resuméiert:

"Wenn man sich mal überlegt: Bis 2030 haben wir in der Europäischen Union einen Fachkräftemangel von 4 Millionen Arbeitskräften im Gesundheitswesen. Und das in einer Gesellschaft, die immer älter wird und wo der Bedarf an medizinischer Unterstützung ebenfalls immer größer wird. Das müssen wir irgendwie zusammenbringen."

An der EU feelen iwwer eng Millioun Dokteren

Aktuell feelen an der EU 1,2 Milliounen Dokteren am Infirmieren, soen Zuele vun der Europäescher Kommissioun, déi sech op eng OECD-Etüd stäipen. Wat d’Saach méi schlëmm mécht: 61 Prozent vun den Infirmieren an Infirmièren an 43 Prozent vun den Doktere soen, si hätten ze vill Stress op der Aarbecht.

Ee Cercle vicieux, stellt d’EU-Kommissärin fir Soziales, d’Roxana Minzatu, am Europaparlament fest.

"D’Penurie féiert zu méi Stress, wouduerch den Interêt un deene Karriären ofhëlt, wat nees d’Penurie nach méi schlëmm mécht."

Lëtzebuerg ganz vir an der Statistik

Ee räicht Land ze sinn hëlleft do net onbedéngt, seet iwwerdeems d’Tilly Metz, déi fir déi Gréng an deem Parlament setzt.

"Wann ee kuckt, vun enger Etüd vun der OECD vun 2024, (do) ass Lëtzebuerg dat (Land), wou déi gréisste Problemer sinn. Mir hunn déi mannsten Doktere pro 100.000 Awunner."

An do mécht Lëtzebuerg anere Länner Konkurrenz: Am Kampf ëm déi gefroten Aarbechtskraaft am Secteur.

Ze vill Länner maache sech Konkurrenz ëm ze mann Personal

Ze vill Länner fëschen am nämmlechte klénge Baseng vum disponibelem Gesondheetspersonal, erkläert d’Mariëlle Bemelmans. Si ass Direktesch vu Wemos, enger hollännescher Fondatioun, déi zënter Joren d’Mobilitéit vum Personal am Gesondheetssecteur ënnersicht.

"Et gëtt Länner ewéi Irland, wou 41 Prozent vun den Dokteren aus dem Ausland kommen. An Norwege sinn et 42 Prozent. Beim Fleegepersonal hu mir änlech Chifferen. Wann all déi rumänesch Doktere géingen zeréckgoen, hätt d’Land der ee Fënneftel méi bei sech doheem. Déi Migratioun féiert natierlech zu engem Ongläichgewiicht an der EU, tëschent de Regiounen an tëschent de Länner."

Dat muss ech änneren, sou de Constat am Europaparlament, deen och d'Tilly Metz deelt.

"Do muss och endlech europäesch Responsabilitéit geholl ginn. Et muss méi zesummeschafft ginn, fir dee sougenannte Brain drain ze vermeiden. Dat heescht, datt ee Land Leit unzitt aus anere Länner an domat kënnt et dann do zu Désert-Médicoen. Do misst am Fong eng effizient Kooperatioun stattfannen."

Mee kann d’Europäesch Unioun do iwwerhaapt eppes maachen? Hir Kompetenzen am Gesondheetsberäich si begrenzt, och wa sech Ëmfroen no vill Leit an der EU eppes anescht wënschen.

Mariëlle Bemelmans: “Koordinéiert amplaz géinteneen”

Bréissel kéint, esou d’Mariëlle Bemelmans, eng Koordinatiounsroll iwwerhuelen. Als éischt géing et mol drëm goen, sech ee geneet Bild iwwer d’Situatioun um Terrain ze maachen.

"Wou ginn déi meescht hin? Wou komme si hier? Wou sinn déi sougenannte medezinesch Wüsten? Mir musse systematesch Date sammelen um Niveau vun der EU."

Dernieft muss ënnersicht ginn, wéi eng Mesurë wou funktionéiert hunn. Ganz wichteg wier et, datt d’Länner net prinzipiell drop setzen, Leit vu baussen unzezéien, mee probéieren, doheem d’Aarbechtskonditiounen an d’Ausbildung ze verbesseren.

D’Europäesch Unioun stellt Suen zur Verfügung fir ze hëllefen, déi néideg Strukture bei sech doheem opzebauen. "Et ginn Instrumenter, mee d’Länner hunn dacks net déi néideg Informatiounen doriwwer", esou d'Mariëlle Bemelmans. Wichteg wier, datzt d’Kommissioun an d’EU-Memberstaaten deen néidege politesche Wëlle weisen, d’Situatioun koordinéiert kréien an net géinteneen unzegoen, sou d’Mariëlle Bemelmans.

EU-Kommissärin wëll méi Personal aus Drëttlänner unzéien

Déi zoustänneg Kommissärin huet ee Strategiepabeier annoncéiert. Bei de Mesuren, déi een huele kann, huet si och op dat heite verwisen:

"Mir sollten d’Unzéie vu Leit ausserhalb der EU ënnerstëtzen, andeems mir op Partnerschaften opbauen. Et ass wichteg, weider drun ze schaffen, datt auslännesch Qualifikatiounen unerkannt ginn."

Dat allerdéngs géif de Problem just no bausse verlageren, soen Experten ewéi d'Mariëlle Bemelmans: Gesondheetspersonal aus Länner an Afrika oder Asien an Europa ze lackele géif de Problem op deene Plaze, deen dacks scho méi grave ass, ewéi bei eis, just nach méi schlëmm maachen.

Lauschterenplay_arrow